Baldwin Street

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Baldwin Street
Informatiounstafel

D'Baldwin Street ass laut Guinness-Buch vun de Rekorder déi géiste Strooss vun der Welt. Se läit am North East Valley, 3,5 km nërdlech vun Dunedin an Neiséiland. D'maximal Steigung vun der 200 Meter laanger Strooss läit bei 1:2,86 (19,3° oder ca. 35%). Am Laf vun de Joerzéngten ass d'Strooss eng bekannt Attraktioun vun der Stad ginn. An der Wäertung vun de géiste Stroossen vun der Welt kommen duerno d'Filbert Street an d'22nd Street zu San Francisco, déi allebéid eng Steigung vun 31,5% (17,5°) opweisen. D'Situatioun an der ursprénglech ähnlech géier Lombard Street, déi och zu San Francisco läit, gouf duerch Serpentinen entschäerft. Et gëtt nach aner Stied an den USA an an aneren Deeler vun der Welt, déi fir sech an Usproch huelen, nach méi géi Stroossen ze hunn.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Baldwin Street – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen