Balkespiralgalaxis

Vu Wikipedia
NGC 1300 vun der Säit gesinn. Foto vum Hubble-Weltraumteleskop
NGC 253, eng Balkespiralgalaxis mat besonnesche Stäregebuertsplazen.

Eng Balkespiralgalaxis, oder kuerz Balkegalaxis genannt, ass eng Spiralgalaxis mat engem méi oder wéineger riichte Band vun helle Stären. Dëse „Balke“ reecht vum Galaxiszentrum bis an ënnerschiddlech Distanzen, an e puer Fäll souguer bis bal un de Rand. D'Spiraläerm gi vun de Balkenenner aus.

Den Edwin Hubble huet dës Aarte vu Spiralgalaxien als „SB“ (englesch „Spiral Barred“) agestuuft, an huet si ënnerdeelt an Ënnerklassen no der Ausprägung vun de Balken an hire Spiraläerm:

  • SBa-Galaxien hunn e grousse balkefërmege Kär, d'Spiraläerm si bal rankfërmeg zou.
  • SBb-Galaxien hu méi staark betounten Äerm a méi e schwaache Kär
  • SBc-Galaxien hunn S-fërmeg Äerm, déi nëmme liicht gekrëmmt sinn. Si hu kee Kär awer eng zentral Verdéckung.

Spéider gouf eng véiert Kategorie bäigesat:

  • SBm-Galaxië sinn Zwerg-Balkespiralgalaxien. Och déi grouss Magellanesch Wollek gehéiert no neiste Fuerschunge wéi et schéngt zu dëser Grupp.

Balkespiralgalaxië gëtt et zimmlech heefeg. Fuerschunge weisen, datt bis zu 2/3 vun alle Spiralgalaxien eng Balkestruktur opweisen. D'Mëllechstrooss ass och eng Balkespiralgalaxis.

De Beräich vum Balke stellt eng aktiv Stäregebuertsplaz duer. Dobäi fléisst Gas, aus deem sech d'Stären zesummesetzen, vun de Spiraläerm a Richtung Zentrum vun der Galaxis.

D'Balkestruktur ass méiglecherweis d'Resultat vun enger Dichtheetswell, déi sech radial vum Galaxiszentrum ausbreet, an d'Ëmlafbunne vun deene banneschte Stäre beaflosst.
Méiglecherweis baut sech d'Struktur awer op duerch géigesäiteg gravitativ Stéierunge vu Galaxien.

Et gëtt ugeholl, datt Balkespiralen nëmmen e Virgängerstadium an der Entwécklung vu Galaxien duerstellen. D'Balkespirale forme sech am Laf vun der Zäit zu „reguläre“ Spiralgalaxien aus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Barred spiral galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien