Ball

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
En Tennisball
E Foussball
En Handball

E Ball ass e Spillgezei a Form vun enger Kugel, dat bannendran huel ass (oder aus liichtem Material ass), a mat deem geworf (mat der Hand oder enger Rackett) oder geschoss gëtt, z. B. mam Fouss.

Et gëtt eng sëlleche Sportaarten, wou géigneresch Equippen probéiere mussen, e Ball op eng bestëmmte Plaz ze manövréieren (e Gol oder e Kuerf) oder awer de Ball sou ze schéissen, datt de Géigner en net kritt.

Zu deenen éischte kann ee Foussball, Handball, Basketball a Waasserball zielen, zu deene Leschtgenannte Volleyball, Tennis, Dëschtennis a Squash.

Jee no Sportaart ass de Ball verschidde grouss a schwéier.

Eng Ausnam vun der Kugelform ass de Rugbyball.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bäll – Biller, Videoen oder Audiodateien