Ballhauseed

Vu Wikipedia
Jacques Louis David, Serment du Jeu de Paume

De Ballhauseed (fr:Serment du Jeu de paume]]) war en Uniounsengagement dat den 20. Juni 1789 vu 577 Deputéierte vum Drëtte Stand géint de Kinnek Louis XVI. getraff gouf, bis datt Frankräich eng Constitutioun hätt.

Den 20. Juni 1789 hunn d'Garden ënner dem Virwand vu Reparatiounen, déi nach virun der nächster Séance ze maache wieren den Deputéierte vum Drëtte Stand verbueden, de Sall vum Hôtel des Menus Plaisirs ze betrieden, wou d'Generalstänn ofgehale goufen. D'Deputéierten hu sech an d'Salle du jeu de paume zu Versailles zeréckgezunn. Mat der Hëllef vum Deputéierte Jean-Joseph Mounier, huet den Abt Emmanuel-Joseph Sieyès déi bekannt Formel vum Ballhauseed formuléiert:

« de ne jamais se séparer, et de se rassembler partout où les circonstances l'exigeront, jusqu'à ce que la constitution du royaume soit établie et affermie sur des fondements solides »

Deen Text gouf vum Jean Sylvain Bailly virgelies. Den Eed gouf unanim gestëmmt, bis op eng Stëmm, déi vum Martin d'Auch. D'Versammlung huet sech als Constituante erkläert. Dëst war e revolutionären Akt, an eng politesch Affirmatioun vun der Autodeterminatioun vum Vollek duerch seng Representanten ouni de Monarch.

Virun dësem 20. Juni 1789 hat de Sall den Numm « tripot ». E gouf vum Nicolas Cretté 1686 baue gelooss, fir de Membere vum Haff eng Plaz fir de Jeu de paume, engem Virleefer vum Tennis, ze bidden.

Dëst Evenement ass ee vun de wichtege Fakteure beim Ausbroch vun der Franséischer Revolutioun. D'kinneklech Äntwert koum an der kinneklecher Séance vum 23. Juni 1789.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ballhausschwur – Biller, Videoen oder Audiodateien