Baltesch Verdeedegung
| Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Baltesch Verdeedegung | ||||
|---|---|---|---|---|
| Aner Nimm | Keres-Verdeedegung, Grau-Verdeedegung, Sahovic-Verdeedegung | |||
| Zich | 1. d4 d5 2. c4 Lf5 | |||
| ECO-Coden | D06 | |||
| Benannt no | Baltikum | |||
| Entsteet aus | Dammegambit | |||
| Nospillen op Chessgames.com | ||||
D'Baltesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënnert dem Schlëssel D06 klassifizéiert.
D'Baltesch Verdeedegung fänkt mat de folgenden Zich un:
- 1. d4 d5
- 2. c4 Lf5
[änneren] Grondiddien
Déi éischt Iddi hannert 2. ... Lf5 ass et, den Dammeleefer z'entwéckelen, ier e vun engem Bauer op e6 agespaart gëtt, wéi am Ofgeleentenen Dammegambit. Allerdéngs géing Wäiss no 3. cxd5 Dxd5 mat 4. Sc3 an 5. e4 en Tempo gewannen an en ideaalt Bauerenzentrum opriichten. Dowéinst kënnt no 3. cxd5 déi zweet Iddi vu Schwaarz zum Asaz: Mat 3. ... Lxb1 verhënnert en, datt de wäissen Dammesprénger no ... Dxd5 déi schwaarz Damm ugräife kann. Allerdéngs huet d'Baltesch Verdeedegung och zwee Nodeeler: De Bauer op b7 ass ongedeckt a kann a verschiddene Varianten duerch Db3 virdeelhaft ugegraff ginn an no 3. cxd5 Lxb1 huet Wäiss direkt de Virdeel vum Leeferpuer.
[änneren] Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen
An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Baltesch Verdeedegung ënnert dem Schlëssel D06 klassifizéiert.
- D06: 1. d4 d5 2. c4