Balzan-Präis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’International Balzan-Stëftung präméiert zënter 1961 weltwäit groussarteg Wëssenschaftler aus de Geeschteswëssenschaften an den Naturwëssenschaften, souwéi Perséinlechkeeten am Beräich Konscht a Kultur, ë.a. de Paul Hindemith, de György Ligeti an de Jorge Luis Borges.
D’Stëftung mat Sëtz zu Mailand an zu Zürich dréit den Numm vum italienesche Journalist Eugenio Balzan (1874 bis 1953). Seng Duechter d’Angela Balzan huet 1957 am schwäizeresche Lugano aus der Ierfschaft vun hirem Papp d'Stëftung gegrënnt.
Den Eugenio Balzan huet am Ufank als Journalist beim Corriere della Sera geschafft a gouf du Geschäftsführer a Matproprietaire. Am Joer 1933 huet hien Italien aus Widerstand géint d’faschistesch Kreesser verlooss, déi d’Onofhängegkeet vum Corriere bedreet hunn. Bis zu sengem Doud am Joer 1953 huet den Eugenio Balzan an der Schwäiz gelieft.
1961 gouf den éischte Balzan-Präis un d’Nobelstëftung verginn. Zënter 1979 ginn all Joer véier Wëssenschaftspräisser eraus. All dräi bis fënnef Joer ginn ausserdeem e mat 2 Millioune Schwäizer Frang (ongeféier 1,25 Milliounen Euro) grousse Balzan-Präis fir Fridden, Humanitéit a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker verginn. Éischt Balzan-Friddenspräislaureatin war am Joer 1978 d’Mutter Teresa, déi d’Joer derno de Friddensnobelpräis krut.
D’Präisdréier souwéi d’Fachgebidder vun de Präisser gi vun engem internationale Komitee bestëmmt, an deem haut 19 renomméiert Natur- a Geeschteschwëssenschaftler sinn. Am Joer 2006 goufe Balzan-Präisser a folgende Sparte verginn: an der Geschicht vun der oweslännescher Musek zënter 1600, an der Geschicht an Theorie vum politeschen Denken, an der visueller Astronomie an Astrophysik souwéi an der Molekulargenetik vun de Planzen.
D’Verdeele vun de Präisser ass all Joer am Wiessel an der Accademia Nazionale dei Lincei zu Roum souwéi - am Schwäizer Parlament zu Bern. D’Stëftungsverméige gëtt zu Zürich an der Schwäiz gefouert.
De Balzan-Präis gehéiert wéinst senger wëssenschaftlecher Seriösitéit an der Héicht vun der Präiszomm – all Präis ass mat enger Millioun Schwäizer Frang dotéiert – zu de bedeitendste wëssenschaftlechen Auszeechnungen weltwäit. Am Ënnerscheed zu aneren internationale Präisser gëtt de Balzan-Präis all Joer un aner Fachberäicher verginn.
- All Joer gi véier Präisser ausgedeelt.
- Präiszomm: jee 1 Millioun Schwäizer Frang; all 3-5 Joer e Friddenspräis vun 2 Millioune Schwäizer Frang.
- Präisgebidder: zwee am Beräich Geeschtes- a Sozialwëssenschaften souwéi Konscht; zwee am Beräich Naturwëssenschaften, Physik, Mathematik a Medezin.
- Nowuessënnerstëtzung: D’Laureate loossen d’Halschent vun der Präiszomm dem Fuerschungsprojet vun hirem Fachgebitt zoukommen
[änneren] D’Laureaten
[änneren] 2008
- Maurizio Calvesi (Italien) - Geschicht vun der Konscht zënter 1700
- Thomas Nagel (USA) - Praktesch Philosophie
- Ian H. Frazer (AUS) - Preventivmedezin, Impfung mat abezunn
- Wallace S. Broecker (USA) - Klimawëssenschaft: Klimawiëssel
[änneren] 2007
- Rosalyn Higgins (Groussbritannien) – Vëlkerrecht zënter 1945
- Sumio Iijima (JP) – Nanowëssenschaften
- Michel Zink (FR) – Europäesch Literatur 1000-1500
- Jules Hoffmann (FR) an de Bruce Beutler (US) – Ugebueren Immunitéit
- Karlheinz Böhm (AT) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet tëscht de Vëlker
[änneren] 2006
- Ludwig Finscher (DE) – Geschicht vun der owendlännescher Musek zënter 1600
- Quentin Skinner (GB) - Geschicht an Theorie vum politeschem Denken
- Paolo de Bernardis (IT) an den Andrew Lange (USA) - Visuell Astronomie an Astrophysik
- Elliot M. Meyerowitz (USA) an den Christopher R. Somerville (USA) - Molekulargenetik vun de Planzen
[änneren] 2005
- Lothar Ledderose (DE) – Asiatesch Konschtgeschicht
- Peter Hall (GB) – Sozial- a Kulturgeschicht vun der Stad zënter Ufank vum 16. Joerhonnert
- Peter R. Grant an de Rosemary Grant (GB) – Populatiounsbiologie
- Russel J. Hemley (USA) an de Ho-kwang Mao (USA/China) – Mineralphysik
[änneren] 2004
- Andrew Colin Renfrew (GB) – Präehistoresch Archäologie
- Zesummenaarbecht Sant'Egidio (IT) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker
- Michael Marmot (GB) – Epidemiologie
- Nikki R. Keddie (USA) – D’islamesch Welt Enn 19. bis Enn vum 20. Joerhonnert
- Pierre Deligne (BE) – Mathematik
[änneren] 2003
- Eric Hobsbawm (GB) – Europäesch Geschicht zënter 1900
- Reinhard Genzel (DE) – Infrarout-Astronomie
- Serge Moscovici (FR) – Sozialpsychologie
- Wen-Hsiung Li (TW/USA) – Genetik an Evolutioun
[änneren] 2002
- Anthony Grafton (USA) – Geschicht vun de Geeschteschwëssenschaften
- Dominique Schnapper (FR) – Soziologie
- Walter J. Gehring (CH) – Entwécklungsbiologie
- Xavier Le Pichon (FR) – Geologie
[änneren] 2001
- Claude Lorius (FR) – Klimatologie
- James Sloss Ackerman (USA) – Geschicht vun der Architektur (mat Urbanistik an Landschaftsdesign)
- Jean-Pierre Changeux (FR) – Kognitiv Neurowëssenschaften
- Marc Fumaroli (FR) – Literaturgeschicht a –kritik zënter 1500
[änneren] 2000
- Abdul Sattar Edhi (PK) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker
- Ilkka Hanski (FI) – Ëmweltwëssenschaften
- Martin Litchfield West (GB) – Klassesch Archäologie
- Michael Stolleis (DE) – Rechtsgeschicht vun der Neizäit
- Michel Mayor (CH) – Instrumentatioun an Techniken an der Astronomie an an der Astrophysik
[änneren] 1999
- John Elliott (GB) – Geschicht vum 16. bis 18. Joerhonnert
- Luigi Luca Cavalli-Sforza (IT/USA) – Naturwëssenschaftlech Erfuerschung vun Mënschofstaamung
- Michail Gromow (RU/FR) – Mathematik
- Paul Ricœur (FR) – Philosophie
[änneren] 1998
- Andrzej Walicki (PL/US) – Geschicht: Kultur- a Sozialgeschicht vun der slawescher Welt vun der Katharina déi Grouss bis zu der russescher Revolutioun am Joer 1917
- Harmon Craig (USA) – Geochemie
- Robert May (GB/AU) – Biodiversitéit
[änneren] 1997
- Charles Coulston Gillispie (USA) – Wëssenschaftsgeschicht an –philosophie
- Stanley Jeyaraja Tambiah (LK/USA) – Sozialwëssenschaften: Sozialanthropologie
- Thomas Wilson Meade (GB) – Epidemiologie
[änneren] 1996
- Arno Borst (DE) – Geschicht: Kultur vum Mëttelalter
- Arnt Eliassen (NO) – Meteorologie
- Internationale Komitee vum Roude Kräiz – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker
- Stanley Hoffmann (AU/USA/FR) – Politisch Wëssenschaften: Aktuell international Bezéiungen
[änneren] 1995
- Alan J. Heeger (USA) – Materialwëssenschaften
- Carlo M. Cipolla (IT) – Wirtschaftsgeschicht
- Yves Bonnefoy (FR) – Geschicht a Kritik vun de schéine Kënschte an Europa (vum Mëttelalter bis haut)
[änneren] 1994
- Fred Hoyle (GB) an de Martin Schwarzschild (DE/USA) – Astrophysik (Evolutioun vun de Stäre)
- Norberto Bobbio (IT) – Rechtswëssenschaft a Politik (Regéierbarkeet vun den Demokratien)
- René Couteaux (FR) – Biologie (Struktur vun der Zell, mat besonnescher Récksiicht op d’Nervesystem)
[änneren] 1993
- Jean Leclant (FR) – Konscht an Archäologie am Altertum Frankräich
- Lothar Gall (DE) – Geschicht: Gesellschaften vum 19. an 20. Jh.
- Wolfgang H. Berger (DE/USA) – Paleontologie mat besonnescher Rücksicht op ozeanographesch Aspekter
[änneren] 1992
- Armand Borel (CH/US) – Mathematik
- Ebrahim M. Samba (GM) – Preventivmedezin
- Giovanni Macchia (IT) – Literaturgeschicht a –kritik
[änneren] 1991
- Abbé Pierre (FR) – Humanéit, Fridden a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker
- György Ligeti (HU/AT) – Musék
- John Maynard Smith (GB) – Genetik an Evolutioun
- Vitorino Magalhães Godinho (PT) – Geschicht: Opstieg vun Europas am 15. an 16. Joerhonnert
[änneren] 1990
- James Freeman Gilbert (USA) – Geophysik (feste Bueden)
- Pierre Lalive d'Epinay (CH) – Internationaalt Privatrecht
- Walter Burkert (DE) – Altertumswëssenschaften
[änneren] 1989
- Emmanuel Levinas (FR/LT) – Philosophie
- Leo Pardi (IT) – Ethologie
- Martin Rees (GB) – Héichenergie-Astrophysik
[änneren] 1988
- Michael Evenari (IL) an den Otto Ludwig Lange (DE) – Gebrauchte Botanik (mat ökologeschen Aspekten)
- René Etiemble (FR) – Vergläichend Literatur
- Shmuel Noah Eisenstadt (IL) – Soziologie
[änneren] 1987
- Jerome Bruner (USA) – Humanpsychologie
- Phillip Tobias (ZA) – Physikalesch Anthropologie
- Richard W. Southern (GB) – Geschicht vum Mëttelalter
[änneren] 1986
- United Nations High Commissioner for Refugees – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker
- Jean Rivero (FR) – Grondrechter vun der Perséinlechkeet
- Otto Neugebauer (AT/USA) – Wëssenschaftsgeschicht
- Roger Revelle (USA) – Ozeanographie/Klimatologie USA
[änneren] 1985
- Ernst Gombrich (AT/GB) – Konschtgeschicht vum Orient
- Jean-Pierre Serre (FR) – Mathematik
[änneren] 1984
- Jan Hendrik Oort (NL) – Astrophysik
- Jean Starobinski (CH) – Literaturgeschicht a –kritik
- Sewall Wright (USA) – Genetik
[änneren] 1983
- Edward Shils (USA) – Soziologie
- Ernst Mayr (DE/US) – Zoologie
- Francesco Gabrieli (IT) – Orientalistik
[änneren] 1982
- Jean-Baptiste Duroselle (FR) – Sozialwëssenschaften
- Kenneth Vivian Thimann (GB/USA) – Reng a gebrauchte Botanik
- Massimo Pallottino (IT) – Altertumswëssenschaften
[änneren] 1981
- Dan McKenzie (GB), Drummond Hoyle Matthews (GB) an de Frederick John Vine (GB) – Geologie a Geophysik
- Josef Pieper (DE) – Philosophie
- Paul Reuter (FR) – Internationalt ëffentlecht Recht
[änneren] 1980
- Enrico Bombieri (IT) – Mathematik
- Hassan Fathy (EG) – Architektur a Stadplanung
- Jorge Luis Borges (AR) – Philologie, Linguistik a Literaturkritik
[änneren] 1979
- Ernest Labrousse (FR) an de Giuseppe Tucci (IT) – Geschicht
- Jean Piaget (CH) – Sozial- a politesch Wëssenschaften
- Torbjörn Caspersson (SE) – Biologie
[änneren] 1978
- Mutter Teresa (AL) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker
[änneren] 1962
- Andrei Nikolajewitsch Kolmogorow (SU) – Mathematik
- Karl von Frisch (AT) – Biologie
- Johannes XXIII. (IT) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker
- Paul Hindemith (DE) – Musek
- Samuel Eliot Morison (USA) – Geschicht
[änneren] 1961
- Nobel-Stëftung (SE) – Humanitéit, Fridden a Bridderlechkeet ënnert de Vëlker