Bam vum Prënz Jean

Vu Wikipedia
Bam vum Prënz Jean
Riets de Bam vum Prënz Jean an der Bléi. Lénks en Deel vum Altersheem (Fondation Pescatore). Mee 2009.
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Adress Avenue J.-P. Pescatore
Koordinaten 49°36'57,24"N, 6°7'43,61"O
Bamaart Käschtebam
(Aesculus hippocastanum)
Status Erënnerungsbam
Héicht 23 m

De Bam vum Prënz Jean ass e Käschtebam (Aesculus hippocastanum; marronnier d'Inde; Rosskastanie), deen an der Stad Lëtzebuerg am Park virun der Fondatioun Pescatore steet.

Dëse Bam gouf 1921, bei der Geleeënheet vun der Gebuert vum Prënz Jean, de 5. Januar 1921, dem spéidere Groussherzog Jean, geplanzt an dréit vun do u säin Numm. Domat gehéiert dëse Käschtebam zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Ëm 2000 gouf en Ëmfang op Broschthéicht vun 3,64 m an eng Gréisst vun 23 m gemooss.

Interessantes[änneren | Quelltext änneren]

  • Um Bild am Buch vun 2002 steet de Bam fräi, an d'Plackett ass um Bam fixéiert. 2008 ass de Stamm mat engem Gitter ëmginn, un deem d'Plackett festgemaach ass: Arbre du Prince Jean.
  • Dëse Käschtebam gouf 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem opgeholl.
  • De Groussherzog Jean, vun deem bekannt ass, datt hien e groussen Interessi fir d'Beem an d'Natur am Allgemengen hat, huet 1989, bei der Geleeënheet vum 25. Joresdag vu senger Trounbesteigung, all Gemeng am Land e jonke Lannebam geschenkt.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

D'Plackett vum Bam.
De Käschtebam Richtung Kierchbierg gekuckt.
Am Hannergrond z'erkennen: de Mudam, d'Héichhaus an en Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff.
De Bam am Hierscht. Oktober 2008.
De Käschtebam am Abrëll 2009.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 174-175, Text a Foto).