Bampiipsert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bampiipsert
Bampiipsert

Bampiipsert
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Stelzevullen a Piipserten
Gattung: Piipserten
Aart: Bampiipsert
Wëssenschaftlechen Numm
Anthus trivialis


De Bampiipsert , Anthus trivialis, ass e Vull, deen heefeg zu Lëtzebuerg ze fannen ass vu Mëtt Abrëll bis Enn September.

[änneren] Den Numm

De Vull huet am Lëtzebuergeschen e puer Nimm:

  • Bëschléierchen
  • BëschLéiweckelchen
  • Bëschlutert
  • Bëschlutvull
  • Bëschpiipsert
  • Bamlutert
  • Gaardeléinchen

De Bampiipsert ass iwwer de Réck gréngelzechgro mat schwaarze Stréchelcher, an op der Broscht gielzech mat dräieckege Flecken. E lieft um Bord vun de Bëscher an e baut säin Nascht meeschten um Buedem aus Moser, Hällem. Bannendra kleet en d'Nascht dacks met Hoer vun Déieren aus. E bréit zweemol am Joer, a leet all Kéiers bis zu 5 Eeër. En ass liicht während dem Balzfluch z'erkennen u sengem typeschen „Ziziziwiswis terrziä ziä ziä“.

[änneren] Kuckt och

Commons: Anthus trivialis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen