Banalitéit

Vu Wikipedia

D'Banalitéite waren am Grondhärerecht technesch Installatiounen, déi allen Awunner vun der Seigneurie zur Verfügung stoungen, a wou sech de Grondhär huet missen ëm den Entretien këmmeren. Als Konterpartie duerften d'Awunner nëmmen dës Ariichtunge benotzen, fir déi si hu misse bezuelen.

D'Haaptbanalitéite waren:

Och laang nodeem déi communautaire Ariichtungen ofgeschaaft goufen, huet d'Landbevëlkerung weider un där kollektiver Praxis festgehalen, zum Beispill wann et ëm d'Broutbake gaangen ass. Aus techneschen (en eegene perséinlechen Uewe bauen) a wirtschaftleche Grënn (bei nëmmen engem Uewen ass e Minimum vun Holz noutwenneg) hu sech d'Awunner vun den Dierfer zesummegedoen, fir e kollektiven Uewen ze bauen. Den individuellen Uewe konnt sech eréischt am 19. Joerhonnert duerchsetzen.