Bank

Vu Wikipedia
Gebaier vun der Weltbank zu Washington

Eng Bank ass eng Finanzinstitutioun, déi eng Vermëttlerroll huet tëscht Acteuren, déi en Iwwerschoss produzéieren, an Acteuren, déi en Defizit produzéieren. Ënner anerem ass hir Funktioun, d'Mëttel vun deenen éischten Acteuren ze captéiere fir se géint Bezuelung deenen zweeten zur Verfügung ze stellen. All Bank, egal op ëffentlech oder privat, erfëllt déi Charakteristik.

Aufgaben a Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Banke sinn an hirer Haaptfunktioun Geldinstituter, déi mat hiren eegenen a geléinte Suen Projete vu Privatpersounen, Entreprisen, oder ëffentlechen Institutioune finanzéieren. Wat d'Natur vun hire Finanzéirungen ugeet, gëtt heiansdo een Ënnerscheed gemaach tëscht Depotbanken, déi mat den Depote vun hire Cliente Projeten ënner der Form vu Kredite finanzéieren an den Investmentbanken, déi Emprunten emettéieren a mat deem Geld Participatiounen an Entreprisen huelen. Wa sou e rechtlechen Ënnerscheed a verschiddene Länner gemaach gëtt oder gemaach ginn ass, dann ass dat drop zeréckzeféieren, datt d'Autoritéite sech fir d'Sécherheet vun de Suen, déi bei Banken deposéiert sinn, verantwortlech fillen. Si wëllen domat verhënneren datt d'Sue vum "Mann vun der Strooss" an ze laang a risikoräich Placementer immobiliséiert ginn an dodurch d'Sécherheet vun den Depoten net méi séchergestallt ass.

Lëtzebuerg mécht dëse rechtlechen Ennerscheed net. Hei besteet de Regime vun den Universalbanken, déi vum Prinzip hier déi verschidde Bankgeschäfter maachen däerfen. D'Sécherheet vun den Depote gëtt doduerch garantéiert, datt d'Bankenopsiicht e Mindestkapital fir Banke virschreift, souwéi Coeffizienten am Hibléck op d'Solvabilitéit a Liquiditéit vun de Banke festleet, an d'Anhale vun dëse Coeffizienten och iwwerwaacht. D'Bankenaktivitéit huet sech am Laf vun der Zäit staark ausgebreet.

Doriwwer eraus gëtt et nach Banke mat Spezialmissioune wéi d'Weltbank, d'Osteuropabank (BERD), an Zentralbanken, déi Geldschäiner erausginn, d'Emissiounsbanken, wéi se och bezeechent ginn. Déi Aufgab ass zwar generell Instituter vun ëffentlechem Recht virbehal. Mä et gëtt och Ausnamen. Zum Beispill ass d'Royal Bank of Scotland, eng Privatbank, mat engem Emissiounsrecht. Dat war och de Fall fir d'Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg (1873-1881) wärend hirer kurzer Existenz an och fir d'Banque internationale à Luxembourg soulaang wéi de Lëtzebuerger Frang déi offiziell Landeswärung war.

D'Lëtzebuerger Banken[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Finanzplaz Lëtzebuerg .

Hir Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 19.Jahrhonnert waren d'Bankenaktivitéiten zu Lëtzebuerg nach ganz bescheiden. D'Notairen hu Gelddepoten entgéint geholl a se fir Kreditter un hir Cliente benotzt. Dat hunn d'Notairen nach iwweregens bis nom Zweete Weltkrich gemaach, bis se déi Aktivitéit verbuede krute.

Déi éischt Bank war déi vun de Bridder Pescatore. Hir Bankenaktivitéiten hu se deemools nach an enger Annex, dem Hannerbuttek vun engem Tubaks- a Liewensmëttelgeschäft ofgewéckelt. Dat selwecht trëfft och fir d'Bank vum Tirouler Bernard Tschiderer zou. Hien huet mat Agrarprodukten a Spirituosen gehandelt an d'Bankgeschäft als Niewenaktivitéit praktizéiert. Wéi et gegollt huet, nei Infrastrukture fir d'Entwécklung ze schafen, koum et gläichzeiteg am Joer 1856 zu zwou Initiativen:

D'Staatsspuerkeess konnt sech op eng Staatsgarantie fir d'Spuereinlage beruffen. Si huet deemools nach ausschliisslech Spuersuen entgéintgeholl an domat mëttel- a laangfristeg Kreditter ginn. Ausser an hirem Haaptsëtz konnt och an de Postämter Geld op hir Spuerbicher abezuelt an opgehuewe ginn. Am Zweete Weltkrich ass si an den däitsche System vu Spuerkeesen, d'Kreisspuerkeesen, integréiert ginn, Agencë sinn opgemaach ginn an hir Aktivitéite goufen op all Bankaktivitéiten ausgeweit. Nom Zweete Weltkrich huet dat sech och net méi geännert. D'Spuerkeess huet offiziell den Numm: Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat (BCEE) kritt. Si ass also eng deenen anere Banke gläichgestalltent Kreditinstitut ginn. Duerch d'Grënnung vun der Banque Internationale (och Interbank genannt), 1856 op d'Initiativ vun däitsche Bankieren hin, gouf ee wichtege Bäitrag zu der Entwécklung vum Kreditwiese geleescht. Den haarde Konkurrenzkampf, dee se an hire Grënnerjore mat der Banque Nationale gefouert huet, war vu kuerzer Dauer. D'Banque Nationale, op staatlech Initiativ hin 1873 geschaf, huet nämlech 1881 hir Aktivitéiten agestallt.

Aner Banken, meeschtens mat engem auslänneschen Aktionnariat, hu sech an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert hei niddergelooss, mat der Absicht, um Lëtzebuerger Geschäft ze participéieren. An där Zäit ass och de belschen Afloss op der Plaz méi grouss ginn. Iwwer hir Succursallen zu Lëtzebuerg hunn déi grouss belsch Banken zu Lëtzebuerg de Toun uginn.

En intensive Konzentratiounsprozess huet sech an den 1990er Jahren an der Bankewelt bemierkbar gemaach. Och déi Lëtzebuerger Guichetsbanke sinn dervu betraff ginn. Déi grouss international Bankegruppen, wéi Dexia, Fortis an ING hu sech bei de Bréisseler Mammen akaaft an hunn domat och de Kontroll vun de Banken um Lëtzebuerger Inlandsmarkt iwwerholl. Als reng Lëtzebuerger Banke bleiwen zanterhier nach d'Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat souwéi d'Raiffeisenbank an d'Raiffeisenkeesen.

D'Internationaliséirung vum Bankengeschäft[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1960 un, no der Gebuert vum Euromarkt, hu vill auslännesch Banke sech vu Lëtzebuerg ugezu gefillt. Eng Rei vu Viraussetzunge fir den Ausbau vun hirer internationaler Tätegkeet iwwer d'Finanzplaz Lëtzebuerg waren hei ginn. Et ware souzesoen nëmme Banken ouni Guicheten an ouni Agencen. Si hu sech all an der Stad selwer etabléiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Delvaux, E. Reiffers: Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg – Etude pratique de la loi du 31 juillet 1929, Imprimerie Victor Buck, 5e édition, Luxembourg,1969
  • Christian Calmes: Au Fil de l'Histoire –Une Banque raconte son histoire - Histoire de la Banque Internationale 1856-1981, Imprimerie Saint-Paul, 1981
  • Jutta Jaans-Hoche: Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg 1873-1881 – Eine Episode der Luxemburgischen Währungsgeschichte, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Banken – Biller, Videoen oder Audiodateien