Bankomat

Vu Wikipedia
E Bancomat op der Cap
Schema vun engem Bankomat

E Bankomat oder Bancomat ass en techneschen Apparat, mat deem een am Self-service u Boergeld (Billjeeën) erukënnt, dat engem vu sengem Compte-courant ofgebucht gëtt. Fir dës Operatioun brauch een eng Debit- oder Kreditkaart, an eng Geheimzuel, déi zu der Kaart passt. Bei moderne Bankomate kann een uginn, a wat fir enger Stéckelung ee gär seng Schäiner hätt. Bei verschiddene kann een och Suen abezuelen, oder a méi wéi enger Wärung Schäiner ophiewen.

Deen éischte Bankomat gouf de 27. Juni 1967 an enger Londoner Agence vun der Barclays Bank a Betrib geholl.[1]

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptstéck vun engem Bankomat ass e Coffre-fort, deen an der Reegel fest agemauert oder am Buedem verankert ass. Do dernieft spillt e PC eng wichteg Roll, dee verschidde Peripherie-Deeler steiert:

  • e Modul, mat deem d'Schäiner ausbezuelt ginn (an eent, dat eng Quittung dréckt an ausstellt)
  • e Kaartelieser, deen d'Identifikatiounsnummer vun der Debit- oder Kreditkaart ofliest;
  • en Encrypting PIN Pad (EPP) fir de PIN-Code z'erfaassen an ze verifizéieren, a fir aner verschlësselt Kommunikatioun z'erméiglechen;
  • en Ecran, dacks ewell en Touchscreen, fir dem Gebraucher Informatioune matzedeelen an em e Menü vun Optiounen unzebidden, wat e maache wëll;
  • e Clavier oder Softkeys (nieft dem Ecran), mat deem de Benotzer seng Auswiel agi kann;
  • an ëmmer méi Apparate ass och eng Kamera agebaut, déi enregistréiert, wie Suen ophieft. Déi Opname kënne saiséiert ginn, fir z. B. bei Bedruch eng Foto vun der gesichter Persoun kënnen ze publizéieren;
  • Sensore fir onerlaabt Manipulatiounen, wéi Beweegungen, Friemkierper, asw.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf deen éischte Geldautomat den 11. Mee 1982 op der Post, op der Stater Gare, a Betrib geholl. E war just fir d'Cliente vun der Post, a krut den Numm Postomat. E knappst Joer drop, de 25. Abrëll 1983 goufen déi éischt Automaten an de Banken agefouert a kruten den Numm Bancomat. Et ware 16 där Këschten, déi deen Dag a Filiale vun der Banque Générale du Luxembourg, der Banque internationale à Luxembourg an der Spuerkeess installéiert goufen. Eng jett aner koumen no. 2017 gouf et 528 sou Automaten, déi am ganze Land verdeelt sinn. Mat (theoreeteschen) 911 Bankomate pro eng Millioun Awunner läit Lëtzebuerg op 8. Plaz vun den EU-Länner mat de meeschte Bankomaten op de Kapp.[1]

Vun 2018 gouf et eng Rëtsch vun Attacken op Bankomaten duerch organiséiert Banden: Tëscht 2018 an Abrëll 2022 goufe 14 Automate gesprengt fir d'Suen ze klauen. Verschidde vun dësen attackéierten Automate goufen nees vun de Banken opgemaach, aner bloufen zou a goufen ausgebaut. Wéi vill Sue fortkoumen, hunn déi geschiedegt Banken net matgedeelt.[2]

Et ass virgesi fir vu spéitstens 2025 un, den aktuelle Bancomat-Reseau mat hauseegenen Apparater pro Bank mam engem neie Reseau z'ersetzen, bei deem et just ee Modell gëtt, deen da vun engem neien Operateur – ënnert der Mark „Bancomat“ – am Optrag vu sechs Banken (Spuerkeess, BIL, BGL BNP Paribas, Raiffeisen, Post an ING) geréiert gëtt. De Client kann dann op all Apparat ouni zousätzlech Fraise Suen ophiewen[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bankomaten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Der Geldautomat wird 50." wort.lu, 27. Juni 2017 um 06:00.
  2. "14 Bankomater bannent véier Joer zu Lëtzebuerg gesprengt." rtl.lu, 26.04.2022.
  3. (lb)Bis 2025: Sechs Lëtzebuerger Banke kreéieren e gemeinsame Reseau u Bankomater. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-21.