Bankrott

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Icon Hinweis Rechtsthemen.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!
Notiz an der Fënster vun engem Geschäft wat Faillite gemaach huet

Als bankrott (Adj.) (ital.: banca rotta, eidel Bank (vum Suewiessler)) gëtt ëmgangssproochlech eng Persoun, Firma oder e Staat genannt, deen zuelungsonfägef ass, also net méi an der Lag ass, seng Rechnungen iwwer en eegent Kapital ze decken. De Begrëff Bankrott (Subst.) steet ëmgangssproochlech fir den Zoustand vun der Zuelungsonfäegkeet. En ähnlechen, eelere Begrëff ass Falliment. Am Fall wou et e Staat betrëfft, deen net méi bezuele kann, schwätzt een och vu Staatsbankrott. Normalerweis gëtt et och keng Méiglechkeet méi, e Prêt opzehuelen. An Däitschland ass och de Begrëff Insolvenz geleefeg. Zu Lëtzebuerg schwätzt een och vu Faillite.

De Begrëff "bankrott" kënnt vun de Suewiessler am mëttelalterlechen Norditalien. Dës haten zu Zäite vu Maart oder Foire hir Dëscher opgebaut, op deene si ënnerschiddlech Währungen zum Tosch ugebueden hunn. War den Dësch eidel, sou hat de Wiessler keng Sue méi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]