Banneux

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Belgium stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kierch vu Banneux
Gebai vun der Hospitalité Notre-Dame
Skulptur am Ufank vun der Allée Bernadette
Een ëmgebaute Bauerenhaff als Ënnerdaag fir Pilgeren

Banneux ass engt klengt Duerf an den Ardennen an der Belsch a gehéiert zur Gemeng Sprimont, am Nordoste vu Léck, an der Noperschaft vu Pepinster a Spa. Banneux ass bekannt gi wéinst den Erscheinungen vun der Muttergottes. Doduerch ass dës Uertschaft zu enger Pilgerplaz ginn.

Apparitioun vun der Muttergottes[änneren | Quelltext änneren]

Zu Banneux huet d'Famill Beco gewunnt. De 25. Mäerz 1921 ass hir Duechter Mariette op d'Welt komm. Tëscht dem 25. Januar an dem 2. Mäerz 1933 soll hatt Zeie vun 8 Apparitiounen vum Maria gewiescht sinn, déi sech him virgestallt hätt.

Als Folleg gouf do déi Kleng Kapell gebaut an ageweit. Dëst war den Ufank vu Pilgerprëssiounen op Banneux. Offiziell unerkannt gouf d'Pilgerplaz Banneux den 22. August 1949 duerch de Mgr. Kerkhofs, Bëschof vu Léck, a gëtt duerno 1952 och vum Vatikan unerkannt.

1985 huet de Poopst Jean-Paul II Banneux besicht.

Kuckeswärtes an der Géigend[änneren | Quelltext änneren]

  • De Fort de Tancremont
  • D'Kapell vum Sanctuaire du Vieux Bon Dieu zu Tancremont
  • Zu Sprimont de Musée du Train vicinal

E puer Biller vum Sanctuaire zu Tancremont[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Banneux – Biller, Videoen oder Audiodateien


Muttergottes-Pilgerplazen
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen- Heeschbrecher Bildchen
Belsch : Banneux - Beauraing
Frankräich : Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine
International : Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau
Pilgerplaze fir Sportler : Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)