Banque centrale du Luxembourg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Economic template.svg Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Banque centrale du Luxembourg, (BCL), ass d'Zentralbank vu Lëtzebuerg. Si ass aus dem Institut Monétaire Luxembourgeois (IML) entstanen a gouf 1998 duerch d'Gesetzer vum 22. Abrëll 1998 a vum 23. Dezember 1998 geschaf, zur selwechter Zäit wéi d'Europäesch Zentralbank. Bis zum 1. Januar 2002, dem Zäitpunkt wou den Euro an Ëmlaf bruecht ginn ass, huet si ënnert dem Numm Institut monétaire luxembourgeois (IML) funktionéiert.

Si ass Deel vum Europäesche System vun Zentralbanken (ESCB).

Hire Sëtz ass um Boulevard Royal am fréiere Siège vun der Banque internationale à Luxembourg(BIL).

President war, vun zënter hirer Grënnung bis Enn 2012, den Yves Mersch. Zënter dem 1. Januar 2013 ass et de Gaston Reinesch.

Inhaltsverzeechnes

Aufgaben [änneren]

La BCL ass chargéiert:

  • mat der Produktioun vun de Billjeeën a Mënzen an hirer Distributioun an de monetäre Circuiten,
  • mat der Iwerwaachung vun de Reproduktiounsregele vun de Billjeeën,
  • mat der Opdeckung an der Analyse vun de Fälschungen um Lëtzebuerger Territoire (zënter dem Juli 2002),

D'BCL ass och zoustänneg fir de Remboursement vun de Billjeeën an de Mënzen a bitt zënter 2002 verschidden numismatesch Servicer un.

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Websäit vun der Banque centrale du Luxembourg