Barbara Bollwahn

Vu Wikipedia
Barbara Bollwahn
Gebuer 11. Mäerz 1964
Borna
Gestuerwen 28. Juli 2018
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer, Journalist

D'Barbare Bollwahn, gebuer den 11. Mäerz 1964 zu Borna, ass eng däitsch Journalistin, Schrëftstellerin an Iwwersetzerin.

Biographesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Barbare Bollwahn huet hiert Abitur 1982 zu Geithain gemaach an huet duerno tëscht 1983 an 1986 Spuenesch an Englesch studéiert op der Universitéit Leipzig, der deemoleger Karl-Marx-Universität. No hirem Exame fir Dolmetscherin an Iwwersetzerin huet si vun 1988 bis 1990 als fräiberufflech Spuenesch-Dolmetscherin geschafft. 1991 war se véier Méint beim Tagesspiegel Redaktiounssekretärin, bis si am August 1991 bei d'tageszeitung (taz) goung, bei där se fir d'éischt Redaktiounsassistentin a méi spéit Redactrice war.

1996 an 1997 ass se duerch Mexiko, Venezuela an Argentinie gereest. 1998 krut se en Arthur F. Burns Fellowship-Stipendium, mat Hëllef vun deem si sech dräi Méint a Costa Rica opgehalen huet. 2004 ass si fir véier Wochen op Kuba gaangen, wou se Interviewe mat Sportler, Schrëftsteller a Museker gefouert huet. Tëscht 2001 an 2007 war si Reporterin am Reportage-Pool vun der taz, fir déi se vun 2004 bis 2007 eng Ost-West-Chronik geschriwwen huet, Rotkäppchen.

Fir d'Aarbecht un hirem éischte Jugendbuch Mond über Berlin, dat se deelweis am Kanton Tessin geschriwwen huet, an dat 2006 am Thienemann Verlag erauskoum, hat si sech vun der Redaktiounsaarbecht fräistelle gelooss. Mond über Berlin ass och als Héierbuch publizéiert ginn.

2007 koum hiert zweet Buch am selwechte Verlag eraus. Et war dat Der Klassenfeind + ich, an deem si hir Erliefnesser verschafft, wéi se als jonk DDR-Biergerin bei engem Ungarn-Openthalt um Balaton-Séi sech an e westdäitsche jonke Kärel vu Nürnberg verléift hat.

D'Babara Bollwahn lieft zu Berlin a schafft als fräi Schrëftstellerin a Journalistin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]