Barnaba Oriani

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Barnaba Oriani

De Barnaba Oriani, gebuer de 17. Juli 1752 zu Carignano a gestuerwen den 12. November 1832 zu Brera deemools am Kinnekräich Lombardo-Venetien) war en italieneschen Astronom a Wëssenschaftler.

No der Grondschoul zu Carigniano hat hien zu Mailand op der Héichschoul San Alessandro studéiert. Nom Studium a Physik, Mathematik, Philosophie an Theologie gouf hien am Joer 1775 Paschtouer.

Duerch säi grousst Interessi fir d'Astronomie gouf hien am Joer 1776 Mataarbechter am Observatoire vu Brera, an deem hie 1778 Assistent a schliisslech 1802 Direkter gouf.

Den Oriani war e laangjärege Frënd vum Giuseppe Piazzi, dem Entdecker vum Zwergplanéit Ceres. Si hu 37 Joer u villen astronomesche Projeten zesummegeschafft. Vun 1808 u war hie korrespondéierende Member vun der Bayerescher Wëssenschaftsakademie.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]