Bart J. Bok
De Bartholomeus "Bart" Jan Bok, gebuer den 28. Abrëll 1906 zu Hoorn, Holland a gestuerwen de 5. August 1983 zu Tucson, Arizona war en US-amerikaneschen Astronom.
Hie gouf bekannt duerch seng Aarbechten iwwert d'Struktur an Evolutioun vun der Mëllechstrooss souwéi dem Studium vun de Globulen.
De Bok huet un der Universitéit Leiden an un der Universitéit Groningen (Ph. D. 1932) studéiert. Seng weider wëssenschaftlech Carrière huet hien op der Harvard Universitéit (1929-57) verbruecht, der Australian National University (1957-66) an der University of Arizona (1966-74). 1938 gouf hien US-amerikanesche Staatsbierger.
Vun 1957 bis 1966 war hien Direkter vum Mount Stromlo Observatoire an Australien a vun 1966 bis 1970 vum Steward-Observatoire an Arizona.
1970-1976 war hie Vizepresident vun der Internationaler Astronomescher Unioun a vun 1972 bis 1974 President vun der American Astronomical Society.
Ausserdeem war de Bok Member bei der Skeptics Society, enger Gesellschaft fir d'Fuerderung vu wëssenschaftlechem a skepteschem Denken.
Wierk [änneren]
Bart J. Bok, Priscilla F. Bok: The Milky Way (1941, 5. Aufl. 1981)