Barthélemy Foehr

Vu Wikipedia
Barthélemy Foehr
Gebuer 3. Dezember 1773
Gestuerwen 27. Dezember 1855
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Jean Pierre Foehr, Jean Mathias Foehr

De Barthélemy (Bartholomaeus) Foehr (Föhr), gebuer den 3. Dezember 1773 zu Iechternach an do gestuerwen de 27. Dezember 1855, war e lëtzebuergesche Gierwer, Proprietär a Gemengepolitiker.[1]

Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 10. Mäerz 1819[2] bis den 8. Januar 1820, a vum 2. Januar 1822[2] bis den 1. Januar 1823.[1]

De Barthélemy Foehr war de Fils vum Balthasar Foehr an der Lucie Bernard(y). Am Joer 1806 huet hie sech mat der Lucie Wagener (Wagner) bestuet.[1] D'Koppel huet op der Maartplaz, Eck Lëtzebuerger Strooss, gewunnt an hat véier Kanner:[3]

  • A. Marie (* 27. 2. 1810), bestuet de 14. Januar 1835 mam Charles Bech (1. Bestietnes), Gierwer vu Gréiwemaacher;
  • Christine (*10. 11. 1820), bestuet den 8. Januar 1840 mam Charles Bech (2. Bestietnes); si waren d'Grousseltere vum Staatsminister Jos Bech;
  • Jean Mathias (*2. 3. 1819), Gierwer, Deputéierten, Buergermeeschter vun Iechternach;
  • Jean Pierre (*11. 5. 1824), Jurist, Magistrat, Chamberspresident an Diplomat.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  2. 2,0 2,1 Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  3. Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. St. Paulus Druckerei, Luxemburg, S. 62-63.