Barthélemy Latomus

Vu Wikipedia
Barthélemy Latomus
Gebuer 1485
Arel
Gestuerwen 1566
Koblenz
Aktivitéit Professer, Philolog

De Barthélemy oder Bartholomaeus Latomus, och alt Barthélemy Masson, gebuer géint 1497 zu Arel a gestuerwen 1570 zu Koblenz, war e Geléierten an Humanist.

Säi Papp, den Henri, war Steemetzer, dofir säin Numm ("latomus" oder "latomos" heescht Steemetzer op Latäin, resp. Griichesch).

De Barthélemy huet, mat Hëllef vu Mäzenen, zu Freiburg im Breisgau Droit a Latäi studéiert an duerno laténgesch Rhetorik op den Universitéite vun Tréier, Freiburg, Köln, Léiwen, Bologna a Koblenz enseignéiert. 1534 war e Lecteur royal um Léierstull fir Latäin um Collège Royal dem spéidere Collège de France zu Paräis. Zu senge Studenten hunn ë. a. de Jean Calvin, den Ignace de Loyola, de François-Xavier, de Rabelais, de Pierre de la Ramée an och de François Ier, deen de Collège de France gegrënnt huet, gezielt.

Hien ass den Auteur vu Léierbicher iwwer d'Rhetorik, Studien iwwer klassesch laténgesch Auteuren, do virun allem de Cicero, lyresche Gedichter, Rieden, Kontroversen a Bréiwer, wouriwwer e sech mat anere Geléierte vun där Zäit (ë. a. mam Erasmus vu Rotterdam) ausgetosch huet.

1539-1540 huet de Latomus eng Studierees duerch Italie gemaach, bei där en ë. a. op Mailand, Padua, Venedeg, Ferrara, Bologna, Florenz, Siena a Roum koum.

1541 gouf e vum Äerzbëschof vun Tréier, de Jean-Louis vun Hagen, als Conseiller um kurfürstlechen Haff zu Koblenz ernannt. An där Funktioun war hien op de Räichsversammlungen zu Speyer, Worms a Regensburg mat derbäi. Hien huet sech 1542 mat der Anne Zieglins vun Iewerleng bestuet.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • L. Bakelants: "Barthélemy Masson d'Arlon, poète et latiniste (1485-1570)", in: La Revue Nationale 21, 1949, S. 23-27;
  • L. Bakelants, M.-Th. Lenger: Bibliotheca Belgica. Bibliographie générale des Pays-Bas, III, Bruxelles, 1964, S. 678-747; VI, 1970, S. 9-171 an 217-250.
  • A. Bertrang: Histoire d'Arlon. Arlon: G. Everling, 1940, Neioplo 1953.
  • André Delvaux: Bartélemy Latomus. Pédagogue et conseiller humaniste (~1497-1570).Genève: Droz, 2020. 598 p.
  • Myriam Melchior: La Bombarda de Barthélemy Latomus, Éditions Latomus, Bruxelles, 2009.
  • Auguste Neyen: Biographie Luxembourgeoise, Histoire des hommes distingués originaires de ce pays, Pierre Bruck, libraire-éditeur, Luxembourg, 1860.
  • L. Roersch: "Barthélemy Latomus, le premier professeur d'éloquence latine au Collège Royal de France". in: Bulletins de l'Académie Royale des Sciences, des Lettres et des Beaux-Arts de Belgique 3e s., 14, 1887, S. 132-176;
  • L. Roersch: "Latomus (Barthélemy)", in:Biographie Nationale, XI, Bruxelles, 1890-1891, col. 425-434;
  • E. Wolff: Un humaniste luxembourgeois au 16e siècle, Barthélemy Latomus d'Arlon, Athénée grand-ducal de Luxembourg, Imprimerie Joseph Beffort, Luxembourg, 1902.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]