Baruch Samuel Blumberg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Baruch Samuel Blumberg

De Baruch Samuel Blumberg, gebuer den 28. Juli 1925 zu New York a gestuerwen de 5. Abrëll 2011[1], war en US-amerikanesche Wëssenschaftler. Hien huet 1976 mat den Medezin-Nobelpräis kritt fir seng Entdeckung, wéi ee mat neie Methoden den Ursprong an d'Verspreede vun ustiechende Krankheeten erkläre kann. De Blumberg hat de Virus vun der Hepatite B identifizéiert, a méi spéit en Test entwéckelt, fir d'Krankheet ze diagnostizéieren, an och en Impfstoff dogéint.

Hien hat Mathematik, duerno Medezin studéiert, 1951 en Doktorat an der Medezin gemaach, an 1957 zousätzlech e Ph.D. an der Biochimie.

Hien huet op verschiddenen amerikaneschen Universitéiten, an och zu Oxford enseignéiert, a gouf 1999 fir 3 Joer Direkter vum NASA Astrobiology Institute vum Ames Research Center zu Moffett Field a Kalifornien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]