Basilica Julia

Vu Wikipedia

D'Basilica Julia zu Roum war e Versammlungsgebai fir de Réimesche Senat, an och an engems Geriichtsgebai.

Si gouf um Forum Romanum vum Julius Caesar gebaut a finanzéiert vun der Beit aus de gallesche Kricher. Hiren Numm krut se vum Caesar well et am ale Roum Moud war, datt Gebaier den Numm vun deemjéinege kruten, dee se baue gelooss huet.

D'Basilika, déi méi grouss war wéi déi bis dohi gebaute Basilikaen, hat en héicht Haaptschëff, Galerien iwwer de Säiteschëffer an eng Apsis fir de Riichtersëtz.

D'Reschter, déi en haut nach ka gesinn, erlaben engem net méi, fir sech d'Gebai virzestellen. Intressant sinn awer déi an den Träppleken agravéiert Spillfelder déi drop hiweisen, datt sech och scho fréier bei sou ëffentleche Gebaier getraff ginn ass, fir sech d'Zäit ze verdreiwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Basilica Julia – Biller, Videoen oder Audiodateien