Kierch Lenneng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Basilika Lenneng)
Kierch vu Lenneng
Kierch vu Lenneng (2006)

Kierch vu Lenneng (2006)
Kierch vu Lenneng (2006)
Uertschaft / Plaz Lenneng
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Péitrus
Koordinaten 49° 39’ 34.5’’ N
      06° 26’ 10.3’’ O
Kierchen - Kapellen
Lennenger Kierch

D'Kierch zu Lenneng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Lenneng gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Péitrus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

Se steet zentral am Duerf op der Kräizung vun der rue de Canach an der rue d'Ehnen, dem CR144, mat der rue du Village, dem CR146, an der rue de Neudorf. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Am Agank vun der Kierch ass dee fréieren Altor ze gesinn, mam hellege Jang dem Deefer, dem Härgott an dem Dafsteen.

D'Kierch ass no Osten ausgeriicht, si huet e Mëttelschëff an zwee Säiteschëffer. Fréier war den Haaptagank op der westlecher Säit vum Gebai, zum Kierfecht hin.[1]

Bemierkenswäert an der Kierch ass virun allem de Mosaik iwwer dem Tabernakel, mam operstanene Jesus op Ouschtersonndeg, no senger Opersteeung, an dem hellege Péitrus op senger rietser an der Maria Magdalena op senger lénkser Säit. De Mosaik gouf am Atelier vum Kënschtler Jean Barillet zu Paräis zesummegesat.[1]

Basilika?[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst hirer Bauform, dem Typus vun der romanescher Basilika entspriechend, gëtt déi Lennenger Kierch am Volleksmond dacks "Basilika" genannt (och de Bus-Arrêt virun der Dier heescht sou). Mä fir "Peepstlech Basilika" ze ginn, brauch et eng entspriechend Ernennung vum Poopst, déi fir Lenneng net virläit. Dofir ass et, kiercherechtlech gesinn, eng normal Parkierch.

De Konschthistoriker däerf zu Lenneng sécher vun enger Basilika schwätzen, wärend de Kiercherechtler vun der Lennenger Parkierch schwätzt.

Monument national[änneren | Quelltext änneren]

D'Lennenger Kierch gouf de 26. Juli 1997 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument opgeholl.[2]

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vu Lenneng huet 3 Klacken am Tuerm hänken, déi an der Dispositioun h', a', g' lauden oder och Sibémol, La a Sol genannt. Se goufen am Joer 1950 vun der Klackegéisserei Michiels vun Tournai gegoss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Schmitt: Die jüngste Renovierung der Pfarrkirche von Lenningen im Dienst des Traditionsbewußtseins, in Luxemburger Wort, 6. Februar 1998
  • Schmitz, A-A., 2017. Die Basilika, die keine ist. Die Kirche in Lenningen ist seit 20 Jahren denkmalgeschützt. Luxemburger Wort vum 27. Juli 2017, S. 23.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lenneng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Anonyme, s.d. Dépliant: Die Basilika in Lenningen.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).