Basilika Notre-Dame vun Avioth
D'Basilika Notre-Dame vun Avioth steet an der franséischer Gemeng Avioth am Departement Meuse an der Regioun Loutrengen.
Inhaltsverzeechnes |
De Pilgeruert [änneren]
Zënter iwwer 900 Joer gëtt an deem Dierfche mat eppes iwwer honnert Awunner eng Statu vun der Muttergottes mam Jesuskand veréiert, déi do soll opgedaucht sinn, wou haut d'Kierch steet.
Den historesche Wäert [änneren]
D'Kierch ass zënter 1840 als Monument Historique klasséiert.
La Recevresse [änneren]
Beim Agank fir an de Kierfecht, deen déi Zäit ronderëm d'Kierch ugeluecht war, gouf am 15. Joerhonnert d' Recevresse gebaut. Iwwer de Gebrauch vun dësem Bauwierk, dat vu senger Typologie hier ganz seelen ass, stinn nach en etlech Froen op. Et kéint en Deel vun engem Altor gewiescht ze sinn, deen am Fräie stoung oder en Depot fir d'Affer, déi d'Pilger matbruecht haten.
Den Titel Basilika [änneren]
D'Notre Dame Kierch ass 1993 vum Poopst Jean-Paul II. Basilika minor genannt ginn. Dat Dokument dozou hänkt am Kiercheraum aus.
D'Restauratioun [änneren]
An de leschten zéng Joer si 770.000 € an d'Restauratioun vun de Säiteschëffer gestach ginn. Dovun huet de Kulturministär 60% derbäibezuelt. Beim neiste Projet geet et drëm, fir den Terrain ronderëm d'Kierch an d'Rei ze setzen. Well fréier e Kierfecht ëm d'Kierch ugeluecht war, ass et e Gléck, datt virun der Kierch eng fräi Plaz ass.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Notre-Dame d'Avioth – Biller, Videoen oder Audiodateien |
|
|
|
| Lëtzebuerg: | Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léif'frächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen- Heeschbrecher Bildchen |
| Belsch : | Banneux - Beauraing |
| Frankräich : | Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine |
| International : | Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau |
| Pilgerplaze fir Sportler : | Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It) |