Basilika vum Hellegen Häerz zu Bréissel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
P Jerusalem.png Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Basilika

D' Basilika vum Hellegen Häerz zu Bréissel steet um Plateau zu Koekelberg, enger vun den 19 selbstännege Gemenge vun der Haaptstadregioun Bréissel.

De laangen Ulaf[änneren | Quelltext änneren]

Schonn de Léopold I. huet sech domat beschäftegt, op de Koekelberg, dee Bréissel dominéiert, seng Residenz opriichten ze loossen. Dozou ass et awer zu deem senge Liefzäite net méi komm. De Léopold II. wollt op derselwechter Plaz eng Zort Pantheon baue loossen, op deen eng groussaarteg Alleeë sollten zougoen. Dorun e¨rüenneren haut nach d' "Avenue des Gloires nationales" an d' "Avenue du Panthéon". Dee Projet war der kathoulescher Bourgeoisie, déi zu där Zäit um Rudder war, net reliéis genuch.
Do huet et sech erginn, datt de belsche Kinnek 1902 de Schantje vun der Basilika vum Hellegen Häerz zu Paräis op dem Hiwwel vu Montmartre besicht hat, an op d'Iddi koum, fir de 75. Joresdag vun der belscher Onofhängekeet, um Koekelbierg nach méi eng grouss Nationalbasilika bauen ze loossen.

De Projet vum Architekt Pierre Langerock vu Louvain, deen eng neogotesch Kathedral virgesinn hat, gouf vun enger Jury ugeholl an den 12. Oktober 1905 huet de Kinnek de Grondstee geluecht. Well déi Käschten alles an de Schiet gestallt hunn, dat disponibel war, huet de Kinnek sech bereeterklärt aus senger Privatkassett bäizedroen. De Koffer, dee fir de Kuppeldaach benotzt gouf, staamt aus dem Kinnek sengem private Besëtz dem Belsche Kongo. 1909 ass de Kinnek gestuerwen, a vun der Kierch war nach net vill ze gesinn.

De laange Schantjen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'kathoulesch Kierch an der Belsch opgeruff hat, fir Donën ze maachen, konnt mam Schantje lues a lues weidergefuer ginn. Den Éischte Weltkrich huet dat Ganzt awer nees gestoppt. No de Pläng vum Albert Van Huffel, dee sech e neo-byzantinesche Still afale gelooss hat, dee vun Bauhaus-Elementer duerchwuess war gouf 1926 nees mam Baue weidergemaach.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Basilica of the Sacred Heart, Brussels – Biller, Videoen oder Audiodateien