Basiliscus plumifrons
| Basiliscus plumifrons | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Basiliscus plumifrons |
|||||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Basiliscus plumifrons Edward Drinker Cope, 1876 |
|||||||||||||||||
De Basiliscus plumifrons ass e Reptill aus der Gattung vun de Basilisken (Basiliscus).
Dës Aart kann, fir hire Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafen. Dofir gëtt s'op franséisch och Lézard Jésus-Christ genannt.
De Basiliscus plumifrons gëtt ëm di 70 - 75 cm laang. De Schwanz ass ongeféier 2 1/2 bis 3 mol esou laang wéi d'Längt vum Kapp bis bei de Schwanz. E Männche kann allerdéngs emol bis zu 90 cm laang ginn.
D'Faarf ass gréng, donkelgréng bis hinn zu blogréng. An der Regioun vum Genéck bis hinn zum Schwanz verleeft eng wäiss-gielzech-blo Sträif vu Flecken. D'Iris ass giel an ziemlech opfälleg.
An der fräier Natur friessen dës Basiliske virun allem Insekten, Schleeken, Fräschen, Fësch, méi kleng Echsen, Bléien a Friichten.
De Basiliscus plumifrons lieft am tropesche Reebësch, am léifsten an der Noperschaft vu Waasser. Doheem ass en am ëstlechen Honduras, iwwer Nicaragua a vu Panama bis op Costa Rica.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Basiliscus plumifrons – Biller, Videoen oder Audiodateien |