Bassenge

Vu Wikipedia
Bassenge
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Awunner 8.986 (1. Januar 2018)
Fläch 3.817
Koordinaten 50° 45’ 26’’ N
      05° 36’ 40’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4690
Websäit http://www.bassenge.be

Bassenge (wa.: Bassindje, li.: Batsinge) ass eng Gemeng an der Provënz Léck an der Belsch.

Et ass eng vun den zwou nërdlechste Gemengen an der Provënz Léck op der Grenz mat der Provënz Limburg.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Bassenge, Boirs, Ében-Émael, Glons, Roclenge-sur-Geer a Wonck.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier d'Hallschent vum haitege Bassenge, a Roclenge gouf am Ufank vum 12. Joerhonnert vun engem gewësse Witikind der Abtei Saint-Jacques vu Léck geschenkt, déi vum Bëschof Baldéric, Bouf vum Grof Louis vu Looz gegrënnt gi war. Bassenge huet bis 1963 zum Arrondissement Tongeren an der Provënz Limburg gehéiert.

No der belscher Gemengereform vun 1977 krut d'Gemeng en neie Wopen deen den 31. August 2000 vum Gengerot ugeholl gouf, an duerch den Arrêté exécutif vum 15.7.2003 autorisiéiert gouf. D'Biller am Wope stamen aus dem Sigel vun der fréierer Gemeng Roclenge, an d'Faarf ass déi vum Chapitre de Saint-Jacques.

Beschreiwung am Originaltext:

D'Azur à un dextrochère mouvant du flanc senestre et tenant une crosse abbatiale, le crosseron tourné à dextre, ladite cross adextrée d'une fleur de lis épanouie et senestrée de deux étoiles à six rais, le tout d'or.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bassenge – Biller, Videoen oder Audiodateien