Bastioun

Vu Wikipedia
Schematesch Duerstellung vun enger fréier Bastioun.

Eng Bastioun ass en Haaptbestanddeel vun enger Festung. Bastioune si gutt ausgebaute Verdeedegungsstellungen déi aus der Courtine erausstieche fir e Géigner deen ugräift vun de Säiten ënner Beschoss kënnen ze huelen. Bastiounen hu meeschtens d'Form vun engem onreegelméissege Fënnefeck, dat mat der Spëtzt op de Glacis weist an no hannen op ass.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Bastiounen hu géint Enn vum 15. Joerhonnert d'Tierm ofgeléist als Méiglechkeet, d'Festungsmauer kënne besser ze schützen. Si goufe fir d'éischt an Italie vum Giuliano da Sangallo entwéckelt a gebaut. Aus deem Grond fënnt een, datt dës nei Aart a Weis fir Festungen ze bauen als trace italienne bezeechent gëtt. Am Ufank waren dës komplett gemauert, vum 16. Joerhonnert un huet sech awer eng Gemëschtbauweis duerchgesat. An där Bauweis bestoung den Haaptdeel vun enger Bastioun aus Äerd, déi no baussen hi vun enger gemauerter Escarpe gestëtzt gouf, hanner där, vun der Äerd geschützt, gemauert Galerien a Kasematten ugeluecht goufen.

Am 17. Joerhonnert koum donieft déi hollännesch Bauweis op, déi exklusiv aus Äerdkierper bestoungen. Dës Bauweis konnt sech awer net duerchsetzen. Am 18. an 19. Joerhonnert si Bastioune besser duerch Baussewierker oder detachéiert Wierker geschützt ginn, sief dës duerch Grief, duerch Lunetten oder duech detachéiert Forten. Mat der Zäit huet sech d'Bauweis der Entwécklung vu Belagerungstechnologien ugepasst. Bastioune sinn zum Beispill méi breet gi fir d'Courtinen ze kierzen, si sinn mat Baussewierker besser virun der Artillerie geschützt ginn, a sinn dofir ëmmer méi an de Buedem gebaut ginn.

Bei Belagerungen ass meeschtens probéiert ginn, Bastioune mat Minen z'ënnerhielegen, fir se dann duerch eng Sprengung ze zerstéieren oder op d'mannst eng Bresch dran ze sprengen, sou zum Beispill bei der zweeter Belagerung vu Wien 1683.

D'Bastiounen hunn hir Bedeitung am 19. Joerhonnert mat der Entwécklung vum polygonale Festungssystem verluer. D'Begrëffer Bastionärssystem oder bastionéierte Festungsbau bezeechnen d'rigouréis Benotzung vu Bastiounen, a spéider och Baussewierker, fir doudeg Wénkelen auszeschléissen an de Glacis optimal ze decken. Duerch déi méi-eckeg Form vun de Bastiounen an de Baussewierker ass déi charakteristesch Stäreform vu Festunge vum 16. Joerhonnert un entstanen.

Kuckt och: Bastionärssystem

Formen[änneren | Quelltext änneren]

Weiderentwécklung vun de Bastiounen: 2 Bastiounen (c) mat Orillons (a).
Schema vun enger Festung mat Bastionärssystem. "f" ass en Hornwierk, "l" ass e Krounwierk.

Generell hu Bastiounen e 5-eckege Grondrëss: 2 Säite maachen d'Face, déi no bausse weist an am sougenannte Bastiounswénkel oder der Capitale openeen treffen. 2 weider Säiten, jeeweils 1 lénks an 1 riets vun de Facen, waren déi sougenannt Flanken, déi d'Courtine sollen decken. A verschiddene Fäll sinn dës Flanke sou gebaut ginn, datt si net direkt un d'Courtine ugeschloss hunn, ma do eng Spëtzt maachen, de sougenannten Orillon oder Bastiounsouer. Domat gëtt dann e klengen Deel vun der Courtine virum Abléck vum Géigner geschützt. Dacks fënnt een do eng Artilleriekasematt oder eng Entrée an d'Festung. Déi fënneft, hënnescht Säit ass d'Kiel vun der Bastioun. D'Bastiounen hunn dacks aus Kanounenhäff bestanen, d. h. Kasematten op méi Stäck an der Bastioun an Emplacementer op der Bastioun, vun deenen aus de Géigner ënner Beschoss konnt geholl ginn.

Den Zentrum vun enger Bastioun besteet an de meeschte Fäll aus engem Haff, vun deem aus déi verschidde Kasematten, wéi och de Parapet zougänglech sinn. Fir eng besser Verdeedegung kann awer an der Mëtt och eng Plattform sinn, op där eng erhéichte Stellung fir Geschützer ageriicht gëtt, déi sougenannt Cavalieren.

Verschiddentlech si méi Bastiounen zu engem Baussewierk verschmolz ginn, besonnesch wann den Terrain et net zougelooss huet fir grouss, eegestänneg Bastiounen ze bauen. Eng Méiglechkeet war, fir eng Bastioun an 2 ze splécken an déi zwou Hallschenten, och nach Hallefbastiounen (fr.: Demi-bastions) genannt, duerch eng Courtine ze verbannen. An deem Fall schwätzt een och nach wéinst der Form vun engem Harwierk. Eng Variant heivu war de Bau vun enger zentraler Bastioun, déi vu jee enger Courtine flankéiert war, un déi jee eng Hallefbastioun ugeschloss huet. An deem Fall schwätzt ee wéinst der Form vun engem Krounwierk. Hornwierker a Krounwierker ginn am Bastionärssystem agesat, fir de Prinzip vu sech géigesäiteg deckende Bastiounen och an onreegelméissegem a begrenztem Terrain duerchzesetzen. Ee Beispill heivir ass de Fort Obergrünewald vun der Festung Lëtzebuerg, deen aus enger zentraler Courtine besteet, déi vun 2 Hallefbastioune gedeckt gëtt. Virun der Courtine ass doriwwer eraus e Ravelin.

D'Wénkele vun der Bastioun hu vun de Schosswénkele vun der Artillerie vun der Courtine an Nopeschbastiounen ofgehaangen: Bastioune sinn sou gebaut ginn, datt et keng doudeg Wénkele konnte ginn, an deene Géigner sech ongestéiert konnten ophalen.

Militäresch Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Bastioune sollten d'Courtinen, also den ugräifbarsten Deel vu Festungen, kierzen a vun der Säit schützen. Duerch hir gedronge Bauweis si si manner ufälleg fir Beschoss duerch Artillerie, an an hire Galerien „à l'épreuve de la bombe“, also beschoss- oder bommesécher, ass Artillerie an Infanterie viru Beschoss geschützt, ma ka selwer duerch Scharten oder Puerten eraus de Glacis ënner Beschoss huelen.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (de)Horst Wolfgang Böhme, Reinhard Friedrich, Barbara Schock-Werner. Wörterbuch der Burgen, Schlösser und Festungen. Reclam, Stuttgart 2004.
  • (en)Christopher Duffy: Siege Warfare: The Fortress in the Early Modern World, 1494-1660. 2. Auflage. Routledge, London 1996.
  • (de)Georg Ortenburg, Siegfried Fiedler: Heerwesen der Neuzeit. 10 Bände. Bernard & Graefe, Koblenz 1984-93.