Bastioun Marie

Vu Wikipedia


Lag vun der Bastioun Marie ("2, B.St.M." = "Bastion Ste Marie") 1794, Ausschnëtt vum Plang vum Alfred Lefort.

D′Bastioun Marie war ee Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg, dat an där Form vum 15. Joerhonnert bis 1867 bestoung. Dat ganzt Wierk huet aus enger Bastioun bestanen, hanner déi e Cavalier mam selwechten Numm gebaut gi war. Hanner dem Cavalier louch de sougenannte Gewiersall. Virun der Bastioun louch eng Contregarde an eng Redoute, déi spéider Fort Marie genannt gouf. D′Bastioun war no der Muttergottes benannt, genee wéi d′Paart nieft der Bastioun, déi spéider Nei Paart genannt gouf. Sämtlech Anlage goufen no 1867 ofgedroen.

De Bastiounshaff louch do wou haut de Boulevard Royal d′Avenue Amélie kräizt. D′Avenue Amélie gëtt zimmlech genee d′Ausriichtung vun der Capitale vun der Bastioun erëm. De Cavalier mat Gewiersall louch ëm déi Plaz wou haut d′Avenue Amélie, d′Biedergaass an d′Aldringen-Strooss openeen treffen.

Baugeschicht[1][änneren | Quelltext änneren]

Bau vun der zweeter Enceinte[änneren | Quelltext änneren]

Um Terrain vun der spéiderer Bastioun Marie gouf fir d′éischt, beim Bau vun der zweeter Enceinte vun der Festung Lëtzebuerg am 14. Joerhonnert, en Tuerm gebaut. Dëse gouf fir d'éischt Kéier 1393 als „der ronden tourn“ ernimmt,[2] a war wuel e groussen Tuerm deen op enger strateegesch wichteger Plaz stoung, nämlech do wou d′Festungsmauer, vu Süde kommend, e Knécks no Oste gemaach huet, fir a Richtung Nei Paart weider ze lafen.

Éischt Moderniséierung[änneren | Quelltext änneren]

E geneeën Datum fir de Bau vun der Bastioun gëtt et net; déi eenzel zäitgenëssesch Auteuren, an och déi vun haut gi sech net iwwer d′Joer eens. Et muss awer an der zweeter Hallschent vum 15. Joerhonnert, ënner franséischer Besatzung gewiescht sinn.[2] Déi éischt Bastioun gouf ronderëm de mëttelalterlechen Tuerm gebaut, a verschiddentlech och als bolvert (Bollwierk) bezeechent. Nom Bau vun der Bastioun gouf deen alen Tuerm als Magaséng benotzt.

Ënner dem Afloss vun den Tensiounen an duerno Ausernanersetzungen tëscht Fransousen a Spuenier gouf d′Festung weider ausgebaut a verstäerkt. 1597 schliisslech gouf dofir hanner der Kehl vun der Bastioun Marie e Cavalier mam selwechten Numm gebaut. De mëttelalterlechen Tuerm gouf warscheinlech beim Bau vun dësem Cavalier mat abezunn. Am Cavalier integréiert war och en Arsenal, dat an de massivë Galerië vum Cavalier Plaz fonnt huet.

1638 goufen d′Reschter vum mëttelalterlechen Tuerm warscheinlech ofgedroen a bis 1644 gouf d′Bastioun moderniséiert. En Vue vun engem franséischen Ugrëff op d′Festung huet de Festungsarchitekt Louvigny eng Rei Reduitë virun déi eenzel Bastioune vun der Festung baue gelooss. An deem Kader gouf 1683 nach de Reduit Marie, och nach als Redoute bezeechent, gebaut.

D'Belagerung vu 1684[änneren | Quelltext änneren]

Wéi franséisch Truppe vum Louis XIV sech den 18. Abrëll 1684 virun der Festung etabléiert hunn, war de franséische Festungsingénieur an –architekt Sébastien Le Prestre de Vauban mat vun der Partie. Hien huet gesinn, datt d′Festung géint Süden an Osten hin duerch d′Uelzecht an de Péitrussdall gutt géint Ugrëffer geschützt war, an no Norden a Westen hin eng beandrockend Série vu Festungswierker opweises hat. De Vauban huet dofir decidéiert, säin Haaptugrëff géint d'Bastioune Berlaimont a Marie ze féieren. An der Nuecht vum 8. op den 9. Mee goufen éischt Grief gegruewen, déi sech no an no un d'Festung erugemaach hunn. De Vauban huet d'Festung aus 4 Richtungen ugegraff:[3]

Den 13. Mee sinn éischt franséisch Unitéiten an de Gruef vun der Bastioun Marie agedrongen, d′Spuenier hunn doropshi Konterminnen ënner dem Glacis gesprengt a sech an d'Redoute Marie zeréckgezunn. An der Nuecht vum 18. op den 19. Mee ass d′Redoute gefall an d'Besatzung huet sech missen an d′Bastioun zeréckzéien.

De Festungskommandant huet dunn decidéiert, d′Kapitulatioun ze signaléieren, fir ze verhënneren, datt d'Festung vun de franséischen Truppe gestiermt a geplëmmt géif.

Ënner der franséischer Besatzung[änneren | Quelltext änneren]

De Vauban huet no der Prise vun der Stad duerch dem Louis XIV. seng Truppen och dëse Beräich enger kompletter Moderniséierung ënnerworf. D′Redoute Marie gouf opgewäert a verstäerkt, an et goufe weider Reduite gebaut, soudatt déi Front vun enger Ceinture vu Reduite gedeckt war.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Franséisch Okkupatioun (1684-1697).

Éisträichesch Besatzung[änneren | Quelltext änneren]

Ënner éisträicher Besatzung gouf 1734 eng Enveloppe ronderëm de Reduit Marie ugeluecht. Sou gouf aus dem Reduit Marie an der Festungsterminologie de Fort Marie.

2. Franséisch Besatzung, Napoleon a preisesch Besatzung[änneren | Quelltext änneren]

Nom Fall vun der Festung 1795 u Frankräich goufen déi meescht Wierker an deem delabréierten Zoustand gelooss, an deem se opfonnt goufen.[4] Och ënner dem Napoleon sengem Regime huet d′Festung u Bedeitung verluer. Nëmmen d′Kasären an d'Paarte goufen ënnerhalen, fir de Rescht goufen nëmmen déi néidegst Aarbechten erleedegt. Sou war zum Beispill 1809 d'Courtine Marie-Berlaimont a sou engem schlechten Zoustand, datt si komplett nei gebaut huet musse ginn. No deem Datum ass den Ensembel vun der Bastioun sou bestoe bliwwen, bis se geschleeft gouf.

D'Schleefen[änneren | Quelltext änneren]

Am Fréijoer 1870 gouf fir d′éischt d'Courtine Marie-Berlaimont, an där och d′Nei Paart war, geschleeft. Den 13. August 1870 war dëst ofgeschloss. Enn 1871 waren d′Aarbechten um Cavalier Marie am Gaang. Fir déi massiv Bastioun ze schleefe goufen de 6. Juni 1872 eng Rei Minnen ënner der Bastioun a wat vum Cavalier iwwereg war gezünd an d′Bastioun vu bannen eraus gesprengt. Den 11. November dat selwecht Joer war alles bis op den Niveau vum haitege Boulevard Royal planéiert.

Wärend den Ofbrochaarbechte sinn och kuerzzäiteg d′Reschter vum mëttelalterlechen Tuerm zum Virschäi komm.

Iwwersiicht iwwer d'Komponente vun der Bastioun Marie 1867[änneren | Quelltext änneren]

Bastioun Marie[änneren | Quelltext änneren]

D′Bastioun hat en häerzfërmege Grondrëss, no italieeneschem Muster, also mat zeréckgezunnene Flanken, de sougenannten Orillons. An den 2 Facë vun der Bastioun waren Artilleriekasematten ënnerbruecht; där hiren Arsenal louch an de Flanke vun der Bastioun an an de Galerien am Cavalier.[5]

Cavalier Marie[änneren | Quelltext änneren]

De Cavalier Marie hat eng fënnefeckeg Form, déi awer no hannen op war, a louch am Haff vun der Bastioun Marie. E bestoung aus 2 Facen an 2 Flanken, d'Kehl war op. Dat Ganzt gouf gedroe vun 28 Sailen an 9 Pilasteren, déi d′Galerien „à l'épreuve de la bombe“ gemaach hunn. De Parapet vum Cavalier Marie war mat 325,3 Meter iwwer dem Mieresspigel den héchste Punkt vun der ganzer Front.

De Gewiersall[änneren | Quelltext änneren]

De Gewiersall war en nidderegt, eestäckegt Gebai mat 3 Fligelen, wat an der Kehl vum Cavalier stoung.

Ravelin Camus-Marie[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht de Bastioune Camus a Marie gouf 1644 e Ravelin gebaut, deen deen Deel vun der Courtine schütze sollt. Dee Ravelin gouf 1864 zum Friddenspolfermagaséng ëmgebaut.[6]

Militäresch Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Duerch seng erhéichte Positioun konnt ee vun dësem Cavalier aus d′Areler Strooss an den Ufank vum Rollengergronn kontrolléieren. Och d'Nei Paart gouf vun dësem Festungwierk gedeckt.

Situatioun haut[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d′Bastioun an d'Contregarde féieren haut d′Stroosse Boulevard Prince Henri, Boulevard Royal, d'Rue Aldringen, d′Rue des Bains an d′Avenue Amélie. Eng Rei Gebaier sinn op der fréierer Bastioun gebaut ginn, sou zum Beispill den Hotel Le Royal, awer och eng Rei Stadvillae laanscht de Boulevard Prince Henri.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fir villes: (de) (fr) Mersch, François. Luxembourg: Forteresse et Belle époque. Lëtzebuerg (1985).
  2. 2,0 2,1 (de) Jacquemin, Albert. Burgbefestigungen der Stadt Luxemburg. Éditions Saint-Paul (1971). Säit 82.
  3. Cf. Atlas 149 de Finetti, Vincennes. An: (fr) L'héritage culturel / Vauban à Luxembourg. Éditions Saint-Paul (2005). S 23.
  4. (de) (fr) Mersch, François. Luxembourg: Forteresse et Belle époque. Lëtzebuerg (1985). Säit 14.
  5. (fr) Bruns, André. Luxembourg, forteresse de la Confédération Germanique, 1815-1866. Éditions Saint-Paul (2006). Säit 41.
  6. (fr) Bruns, André. Luxembourg, forteresse de la Confédération Germanique, 1815-1866. Éditions Saint-Paul (2006). Säit 56.
Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-TuermHielepaart
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten, Schleisen a Brécken
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartSpuenesch PaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Gronn-SchleisBourbon-SchleisBéinchen