Battistero lateranense

Vu Wikipedia
De Lateran Baptisterium

De Battistero lateranense ass eng Dafkierch am Lateran zu Roum. Dës Kierch war de Modell vu bal allen Dafkierche vum Chrëschtentum am héije Mëttelalter. De Plang ass aachteckeg, an den Daach huet d'Form vun enger Kuppel. Si gehéiert zu der Kathedral San Giovanni in Laterano, war awer net ëmmer direkt mat dëser verbonnen.

De Bau vun der Kierch geet op de Sixtus III. zeréck am Joer 440. Et war wärend e puer Joerhonnerten déi eenzeg Dafkierch zu Roum.

Hautdesdaags ass se iwwer eng kleng Paart mat der Kathedral verbonnen.

Déi baussenzeg Fassaden, mat Zille gebaut, goufe 1657 mat enger Fris dekoréiert, op där de Wope vum Poopst Alexander VII. dran ass, an déi vum Francesco Borromini gezeechent gouf.

Um Plaffong ass d'Schluecht vu Milvius (312) duergestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Battistero lateranense – Biller, Videoen oder Audiodateien