Batty Fischer

Vu Wikipedia
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Batty Fischer
De Batty Fischer huet sech selwer am 80. Liewensjoer geknipst
Gebuer 24. Juli 1877
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Dezember 1958
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Zänndokter

De Jean-Baptiste (Batty) Fischer, gebuer de 24. Juli 1877 an der Stad Lëtzebuerg um Krautmaart[1] an och do gestuerwen de 27. Dezember 1958, war e lëtzebuergesche Fotograf.

Seng Formatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Batty Fischer war vu Beruff Zänndokter.


Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Scho mat 15 Joer huet hien e Fotoapparat kritt. Et war eng Plackekamera.

De Batty Fischer huet a senge Biller d'Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg a senge Faubourgen op eng pregnant Manéier erzielt.

D'Stad Lëtzebuerg huet 1960 säi ganz Wierk zesumme mat de Reproduktiounsrechter kaaft. An der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg kann een déi ronn 10.000 Dokumenter bewonneren, déi d'Entwécklung vun der Stad vun 1890 bis 1958 beschreiwen. An den Archive vun der Stad ass och de Vergréisserungsapparat, deen de Batty Fischer benotzt huet, ze gesinn.

Ausstellung vu senge Biller[änneren | Quelltext änneren]

  • 13. Juli - 8. September 2013 am Ratskeller vum Cercle Cité (Biller aus der Fototéik).[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Batty Fischer, Luxembourg, Album de souvenir; Éditions Édouard Kutter, Lëtzebuerg 1977, 185 S.
  • Éditions Émile Borschette, 1997: Collection Batty Fischer, 170 Fotoe vun 1882 bis 1940 mat Kommentar an dräi Sproochen, ISBN 2-87982-075-8
  • Henri Beck, 1994. Batty Fischer (1877-1958) un photographe pas comme les autres. ons stad 45, S. 13-19. PDF
  • Album mat Fotoe vum Batty Fischer: LUXEMBOURG - Album de souvenirs, 32 Säiten, Éditions Kutter (1966).
  • Fischer, Batty: Luxembourg, souvenirs et adieux, Album mat Fotoe vum Batty Fischer, 296 Säiten, realiséiert an editéiert vum François Mersch, Éditions François Mersch, Imprimerie Joseph Beffort (1977).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ons stad: De Batty Fischer ass an deem Haus op d'Welt komm an deem d'Huttgeschäft Fischer-Ferron war.
  2. Luxemburger Wort (Nathalie Becker) vum 16. Juli 2013, S. 9: La ville comme toile de fond