Baume-les-Messieurs

Vu Wikipedia
Baume-les-Messieurs
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Jura
Arrondissement Lons-le-Saunier
Kanton Voiteur
Postcode 39210
Gemengecode 39041
Koordinaten 46° 42’ 31’’ N
      05° 38’ 57’’ O
Fläch  1 309 ha
Bevëlkerung  194 (1999)
Vue op Baume-les-Messieurs vum Belvedère de Granges-sur-Baume

Baume-les-Messieurs ass eng franséisch Gemeng am Departement Jura an der Regioun Bourgogne-Franche-Comté.

Baume-les-Messieurs läit an engem sougenannte Cirque mat héije Fielswänn ronderëmm, an deen zu de Reculées am Jura gehéiert déi am meeschte bekannt sinn.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Seille huet hir Quell zu Baume-les-Messieurs.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 6. Joerhonnert huet den hellege Colomban, en iresche Mënch zu Baume e Klouschter gegrënnt dat fir d'éischt den Numm Balma hat an duerno Baume-les-Moines.

Dëst Klouschter gouf vun der Sarazener an de Bretounen zerstéiert, gouf awer vum Bernon erëm opgeriicht. Deen ass awer kuerz duerno, 910, op Cluny geplënnert fir do en neit Klouschter ze grënnen.

Zur gläicher Zäit huet den hellegen Aldegrin an enger Hiel eng Klaus ageriicht.

Vum 11. Joerhonnert un, geet et mat der Abtei biergaf, Si gouf vun der Ungaren zerstéiert, an am Drëssegjärege Krich hat se och vill Schued gelidden.

1759 gouf se sekulariséiert a se gouf de Chapitre noble de Baume-les-Messieurs.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch mat dem Tuerm mat enger stenge Spëtz.
  • D'Waasserfäll bei Baume

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Baume-les-Messieurs – Biller, Videoen oder Audiodateien