Baussebordasaz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Blue star boxed.svg De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.

De BaussebordasazEnglesch extra-vehicular activity, kuerz EVA – ass eng Bezeechnung aus der Raumfaart. Si bezeechent als Sammelbegrëff all d'Aktivitéite vun engem Raumfuerer baussenzeg vum Raumschëff, meeschtens Aarbechten un de Raumstatiounen oder d'Erausklamme vun den Apollo-Astronauten op der Mounduewerfläch (munnechmol och LEVA: Lunar Extra Vehicular Activity genannt).

Sou Asätz si geféierlech, well de Raumfuerer dofir aus der (relativ) sécherer Ëmgéigend vu sengem Raumschëff, nëmmen duerch e Raumkostüm geschützt, an de fräie Vakuum geet. D'Stralebelaschtung ass ongeféier duebel sou grouss wéi am Raumschëff. Bei roueger Sonn ass si ëm 400 m Sv/Joer. Am Ufank gouf, mat enger Léngt geséchert, erausgeklommen oder mat Versuergungsleitungen, spéider waren och fräi Flich mat Hëllef vu Rakéitentornëschteren (Manned Maneuvering Unit, MMU) normal. Aus Siicht vun der Himmelsmechanik beweegt sech de Raumfuerer während där Zäit op senger eegener Satellittebunn, déi duerch seng Beweegungen – mat Geschir oder enger Réckstouss-Pistoul – vun der Raumschëffbunn ofwäiche kann.

De Buzz Aldrin (Apollo 11) um Äerdmound
Den Astronaut Bruce McCandless, während der STS-41-B-Missioun (1984)

Et gëtt z. B. erausgeklommen:

Den éischte Weltraumausstig hat den 18. Mäerz 1965 de Kosmonaut Alexei Archipowitsch Leonow aus der Woschod 2 gemaach. Den éischten US-Amerikaner war den 3. Juni 1965 den Astronaut Edward H. White, a war aus dem Gemini 4-Raumschëff geklommen. Dobäi hat säi Raumkostüm aus Sécherheetsgrënn eng 7,6 Meter laang Versuergungsléngt. Bei dësen éischte Versich hat sech séier gewisen, datt fir e sënnvolle Baussebordasaz speziell Virriichtungen (Grëffer a Schinnen) um Raumschëff erfuerdert sinn, wéi och d'Schaffgeschirr ugepasst muss ginn. D'Astronaute goufe méi séier wéi erwaart midd, wat sech awer duerch d'Aféiere vu speziellem Training a groussen Dauchbasenge verbessere gelooss huet.

Mat der éischter EVA vun der NASA-Missioun STS-102 gouf de Rekord fir de längste Weltraumausstig opgestallt. Den Ausstig gouf den 11. Mäerz 2001 um 5:12 Auer ugefaangen a war fäerdeg um 14:08 Auer vum selwechten Dag. Domat hat den Weltraumausstig 8 Stonnen a 56 Minutte gedauert. Während dëser EVA stellten d'Astronauten vum Space Shuttle Discovery ënner anerem d'Undocken vum Méizweck-Logistik-Modul Leonardo un d'ISS vir.

Am Kader mat EVAs gëtt an der Ëmgankssprooch och de Begrëff Weltraumspazéiergank, eng Iwwersetzung vum engleschen Begrëff Spacewalk, gebraucht.

Den Astronaut ass engem stännegen enorme Kaméidi, duerch déi am Kostüm agebaute Klimaanlag, ausgesat. Ausserdeem ass hien duerch de steifen Raumkostüm motoresch staark ageschränkt, obwuel de Raumfuerer während der EVA meeschtens Ingenieursaufgaben iwwerhuele muss.

Beim Verloossen a beim Betriede vum Raumschëff ginn Drockschleise benotzt.

Zanter der ISS-Expeditioun 12 fënnt beim Erausklammen op der ISS an der Nuecht virum Weltraumausstig e sougenannte Camp out statt, bei deem den Astronaut amplaz vun der Normalloft mat 1010 hPa ënner reduzéiertem Drock vun 700 hPa otmen fir den Inertgaspartialdrock am Gewebe ze reduzéieren. Doduerch gëtt enger Dekompressiounskrankheet duerch Stéckstoffiwwersättegung bei der Ëmschaltung op déi reng Sauerstoffatmosphär ënner 350 hPa am Raumkostüm virgesuergt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Baussebordasaz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]