Bayer-Bezeechnung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Bayer-Bezeechnunge ginn an der Astronomie fir d'systematesch Benennung vu Stäre gebraucht. Si goufen am Joer 1603 vum däitschen Astronom Johannes Bayer a sengem Stärenatlas Uranometria fir vill vun den helle mat bloussem A siichtbare Stären agefouert.

D'Bayer-Bezeechnung besteet aus engem griichesche Buschtaf un deen de Genitiv vum laténgeschen Numm vum Stärebild, an deem de Stär steet, z. B. γ Lyrae oder ζ Ursae Majoris ugehaange gëtt.

Den hellste Stär aus engem Stärebild, vun eis aus gesinn (kuckt och siichtbar Magnitude) gëtt normalerweis mat α (alpha) bezeechent, deen nächsthellste Stär kritt de griichesche Buschtaf β (Beta) asw. Tatsächlech gëtt et awer vill Stärebiller, bei deenen déi Reiefolleg net agehale gëtt; sou hu beispillsweis déi hellst Stären am Sagittarius d'Bezeechnungen ε, σ, ζ an δ Sgr, während α a β Sgr blatzeg ausgesinn. Beispiller:

  1. Stärebild: Centaurus (Centaurus)
    • hellste Stär: α (hei och nach mam Numm: Rigil Centaurus, Toliman)
    • Stärennimm nom Bayer: α Centauri, Ofkierzung α Cen (Alpha Centauri)
  2. Stärebild: Gemini (Gemini)
    • drëtthellste Stär: γ (Numm: Alhena)
    • Stärennumm nom Bayer: γ Geminorum, Ofkierzung γ Gem (Gamma Geminorum)

De System vun der Bezeechnung mat griichesche Buschtawe gouf spéider vergréissert. Am Ufank mat laténgesche Klengbuschtawen an da mat laténgesche Groussbuschtawen. Déi meescht vun hinne gi rar gebraucht, et gëtt zwar e puer bekannt Ausname wéi h Persei, bei deem et sech a Wierklechkeet ëm en oppene Stärekoup dréint, an de P Cygni. D'Bayer-Bezeechnung mat Groussbuschtawen ass net iwwer de Q eraus gaangen. Haut ginn d'Buschtawe vun R u fir Nimm vu verännerleche Stäre gebraucht.

Eng weider Komplikatioun kënnt aus dem Gebrauch vun héichgestallte Nummere fir den Ënnerscheed bei Stäre mat demselwechte Buschtaf ze maachen. Bei villen handelt et sech ëm Duebelstären, déi meeschtens awer nëmmen optesch zesummestinn. Donieft gëtt et awer och Ausname wéi déi iwwer 8° um Himmel grouss Stäreketten π1, π2, π3, π4, π5 und π6 Orionis, déi de »Bou« vum Orion ausmaachen.

Zwéi Stären hunn eng duebel Bayer-Bezeechnung: β Tau/γ Aur an den α And/δ Peg. Ausserdeem gëtt et wéinst der offizieller Neiandeelung vun de Stärebillergrenzen duerch d'IAU eng Rei vu Stären, deenen hir Bayer-Bezeechnung si bei aner Stärebiller klasséiert, wéi déi déi hautdesdaags aktuell sinn. Trotzdeem huet sech déi Aart vun der Benennung bewährt an ass och haut nach wäit verbreet.

Bei Stären, fir déi keng Bayer-Bezeechnung existéiert, huet et sech agebiergert, d'Flamsteed-Bezeechnung ze gebrauchen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie