Beatrice-M.-Tinsley-Präis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'American Astronomical Society gëtt all zwee Joer de Beatrice-M.-Tinsley-Präis eraus. De Präis ass fir grouss Fuerschungen an der Astronomie oder an der Astrophysik, déi vun aussergewéinlecher kreativer oder innovativer Art sinn. De Präis ass benannt no der Kosmologin an Astronomin Beatrice Tinsley.

Gewënner vum Tinsley-Präis [änneren]

Joer Präisdréier Begrënnung
1986 Flag of the United Kingdom.svg Jocelyn Bell Burnell Entdeckerin vum éischte Pulsar
1988 Flag of the United States.svg Harold I. Ewen
Flag of the United States.svg Edward Mills Purcell
Entdecker vun der 21cm-Linn vum atomare Waasserstoff
1990 Flag of France.svg Antoine Labeyrie Huet d'Speckle-Interferometrie erfonnt
1992 Flag of the United States.svg Robert Henry Dicke Huet de Lock-in-Verstäerker erfonnt
1994 Flag of France.svg Raymond Davis junior Erfinder vun Neutrinodetektoren, éischt Miessung vu solaren Neutrinoen
1996 Flag of Poland.svg Aleksander Wolszczan Entdecker vum éischte Pulsarplanéit
1998 Flag of the United States.svg Robert E. Williams Spektroskopie, besonnesch a Gaswolleken
2000 Flag of the United States.svg Charles R. Alcock Sich no masseräichen a kompakten Objeten a galakteschen Haloen
2002 Flag of the United States.svg Geoffrey Marcy
Flag of the United States.svg USA R. Paul Butler
Flag of the United States.svg USA Steven Vogt
Entwéckler vun ultra-héichopléisender Dopplerspektroskopie, an Entdecker vu villen extrasolare Planéiten duerch Miessunge vun der Radialvitesse
2004 Flag of the United States.svg Ronald J. Reynolds Studien vum interstellare Medium
2006 Flag of the United States.svg John E. Carlstrom Erfuerschung vum kosmesche Mikrowellenhannerergrond mat Hëllef vum Sunjajew-Seldowitsch-Effekt
2008 Flag of the United States.svg Mark Reid
2010 Flag of the United States.svg Drake Deming
2012 Ronald L. Gilliland

Um Spaweck [änneren]