Beatrice Tinsley

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Beatrice Muriel Hill Tinsley, gebuer de 27. Januar 1941 zu Chester, England a gestuerwen den 23. Mäerz 1981 war eng neiséilännesch Astronomin a Kosmologin.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

D'Beatrice gouf an England als Duechter vum Edward Hill a senger Fra Jean Morton gebuer. 1946 ass d'Famill an Neiséiland geplënnert. Vun 1958 bis 1963 huet si Physik a Mathematik op der Universitéit Canterbury studéiert. 1961 ass si mam Physiker Brian Alfred Tinsley bestuet ginn. 1963 sinn si op Dallas (Texas) geplënnert, wou de Brian Tinsley eng Aarbechtsplaz krut. D'Beatrice Tinsley huet sengersäits en Astronomiestudium op der Universitéit vun Texas (Austin) ugefaangen, an huet hei 1966 mat dem Doktorgrad ofgeschloss. Ënner schwierege Beschäftegungsverhältnësser huet si hir Fuerschunge weider gedriwwen bis si 1975 op d'Yale University gaangen ass an do 1978 als éischt Fra Astronomieprofesser ginn ass. Ufanks 1978 goufen éischt Unzeeche vun enger Kriibserkrankung diagnostizéiert, wouru si den 23. Mäerz 1981 gestuerwen ass.

Wierk [änneren]

Si huet sech haaptsächlech mat Fuerschungen iwwert Stärenentwécklung beschäftegt, weider iwwer de Gasgehalt an der Heefegkeet vu schwéiren Elementer an de Galaxien.

Auszeechnungen [änneren]

Um Spaweck [änneren]

]