Beaujolais (Wäin)
De Beaujolais ass ee Wäin deen aus engem Wäibaugebitt kënnt deem seng gréisste Parti am Departement Rhône läit. Just déi nërdlechst Spëtz dervunner läit an der Saône-et-Loire.
Am Norde stéisst et un d'Wéngerte vum Mâconnais. Offiziell gehéiert de Beaujolais nach zu der Regioun vun de Burgunderwäiner, mee ausser datt d'Wéngerten net wäit vun der Côte-d'Ôr ewech leien, an datt déi zwou Géigenden hire Wäin greestendeels duerch déi selwecht Händler op de Maart bréngen, hunn se net vill mateneen ze dinn.
D'Wengerte vum Beaujolais fänken am Norden an der Gemeng Saint-Amour un, a zéie sech op enger Längt vu ronn 50 Kilometer laanscht de rietsen Uwänner vun der Saône, déi d'Grenz no Osten, bis op L'Arbresle mécht. Am Weste gëtt Grenz vun enger Biergkette gemaach, déi d'Däller vun der Saône an der Loire trennt. D'Wéngerte ginn an de Bierghänk bis op eng Héicht vu 500 Meter erop.
Den Numm Beaujolais kënnt vun der Stad Beaujeu déi am Mëttelalter eng grouss Roll gespillt huet. Haut si Villefranche-sur-Saône a Belleville déi Stied, déi déi wichtegst Roll spillen.
De Beaujolais huet fënnef AOCen:
- Beaujolais fir de ganzen Territoire
- Beaujolais Supérieur, wann den Alkoholgehalt méi héich ass
- Beaujolais-Villages, fir 39 Gemengen am nërdlechen Deel
- Cru a Grand-Cru fir 10 Apellatiounen vun Norden no Süden: Saint-Amour, Juliénas, Chénas, Moulin-à-Vent, Fleurie, Chiroubles, Morgon, Regnié, Côte-de-Brouilly a Brouilly.
D'Appelatiounen, Cru a Grand-Cru, gëlle fir all d'Wéngerten aus de Gemengen, déi déi AOC däerfe benotzen, am Géigesaz zur Bourgogne wou déi Appelatioun nëmmen allkéiers fir ee bestëmmte Wéngert gëllt. Et sinn déi eenzeg Wäiner aus dem Beaujolais déi ee bis zu 7 Joer al gi ka loossen.
De gréissten Deel vu de Beaujolaiswäiner si rout Wäiner, bis op eng kléng Parti am Norden, déi Wäisse Wäin aus Chardonnay mécht, awer meeschtens ënner der AOC Saint-Véran verkaaft gëtt, déi zum Mâconnais gehéiert.
Fir de roude Wäin gëtt d'Gamayrief gezillt, a fir de Wäissen ass et de Chardonnay. De Pinot noir ass erlaabt, gëtt awer praktesch net méi benotzt, a vun 2015 un däerf en net méi benotzt ginn.
Déi bekannsten Händler am Beaujolais sinn de Georges Duboeuf vu Romanèche-Thorins, deen an der ganzer Welt verkeeft, Trenel & Fils eng Familljenentreprise vu Charnay-les-Mâcon a Pierre Féraud, eng kleng Entreprise, déi sech op Qualitéitswäiner spezialiséiert huet.
An de leschte Joren gouf de Beaujolais besonnesch bekannt wéinst dem Beaujolais Nouveau, fir dee praktesch d'Halschent vun der Produktioun gebraucht gëtt.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Beaujolais (Wäin) – Biller, Videoen oder Audiodateien |