Becco

Vu Wikipedia
Becco
wa: Bècô
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Theux
Koordinaten 50°33'N, 5°47'O
Telefonszon 087
Postcode 4910

Becco och regional Bècô ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Theux an der Provënz Léck a Wallounien.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Becco zur fréierer Gemeng La Reid gehéiert.

Déi kleng Uertschaft Becco läit op enger Héicht vun 320 Meter op engem klenge Biergréck deen d'Däller vum Targnon a vum Tûron trennt.

Vun den Haiser an der Uertschaft, meescht fréier Bauerenhäff, sinn der vill aus dem 17. Joerhonnert. Se si meeschtens aus Schifer gebaut, veschiddener aus Sandsteen, oder aus engem Gemësch vun deenen zwee. D'Gewänner an d'Diischelte sinn dacks aus bloen Hasteng oder rouden Zillen.

D'Kapell vu Becco ass vu 1714. Si ass dem hellegen Eloi geweit deem seng Statu iwwer der Agankspaart steet. Niewendru steet eng al Lann mat engem Kräiz vun 1890.[1].

Reschter vun der aler Kapell lénks vun der Kierchepaart.
Uertschaften an der Gemeng Theux

Sektiounen: La Reid · Polleur · Theux
Aner Uertschaften: Becco · Bronromme · Desnié · Fays · Hestroumont · Hodbomont · Jehanster · Jehoster · Jevoumont · Juslenville · Marché · Mont · Oneux · Pouillou-Fourneau · Raborive · Rondehaie · Sassor · Sasserotte · Spixhe · Tancrémont (en Deel) · Vert Buisson · Winamplanche

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Archivéiert op 2015-02-05. Gekuckt de(n) 2015-04-24.