Bech (Äisch)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach Bech. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bech (Homonymie).
Bech
Längt 3 km
Originn
Originn Quell
Plaz Arel
Spëtz
Héicht 350 m
Koordinaten 49° 40’ 31.24’’ N
      05° 49’ 59.46’’ O
Konfluenz
Leeft an Äisch
Plaz Äischen
Héicht 274 m
Koordinaten 49° 41’ 01.6’’ N
      5° 52’ 44.7’’ O
Geographie
Land Belsch
Lëtzebuerg
Regioun Areler Land

D'Bech ass eng belsch-lëtzebuergesch Baach um Territoire vun de Gemengen Arel an Habscht.

Se huet hir Quell westlech vu Waltzing no bei der Spëtz zu Arel an der Belsch, a leeft vun do aus de ganzen Zäit no Osten duerch e schmuelen Dall op d'Lëtzebuerger Grenz zou, déi se no ronn 1.500 Meter am Lengendall (de:Lingental) erreecht. Just virum Lengendall gouf en Héichwaasserbaseng gebaut, fir hiren Debit ze regléieren, an Iwwerschwemmungen am ënneschte Laf ze verhënneren.

Weider geet et dann an Direktioun äischener Faubourg fir dann no nees 1.500 Meter bei der Bréck vum CR108 Um Dänn an d'Äisch ze lafen.

Déi lescht 350 Meter leeft se ënner der Uertschaft erduerch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]