Beelen
| Beelen | |||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Beel |
|||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||
|
|||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
| Tabanidae |
|||||||||||||
| Ënnerfamilljen | |||||||||||||
|
Pangoniinae |
|||||||||||||
Beelen (Tabanidae) sinn eng Famill aus der Ënneruerdung vun de Mécken (Brachycera) aus der Uerdnung vun den Diptera (mat zwéi Flilleken) a gehéieren zu den Insekten, déi Blutt suckelen. Si kënne bis zu 30 Millimeter laang ginn.
D'Beele sinn och Parasiten. Hir Wierte sinn haaptsächlech d'Mamendéieren, dat heescht och de Mënsch.
[änneren] Den Numm
- op Englesch: the horsefly
- op Däitsch: die Bremse
- op Franséisch: le taon
[änneren] Vu wat se sech ernieren
Bei deene meeschte vun den ongeféier 4.000 Aarten ass et d'Weibchen, dat Blutt suckelt, dat männlecht Insekt besicht d'Bléien a suckelt den Nektar. Just bei e puer Aarten erniert sech d'Weibche vu Planzen. E puer seelen tropesch Aarte liewe vun Aas.
Am Géigesaz zu de Moustiquen deet de Stéch vun enger Beel däitlech méi wéi, well de Mondapparat vill méi grouss ass. Beelen injizéieren - wéi vill aner Insekten, déi Blutt suckelen - eng Flëssegkeet, déi d'Liwwere vum Blutt verhënnert. Beele kënne bis 0,2 Milliliter Blutt suckelen.
[änneren] Geforen
Net nëmmen an Afrika iwwerdroe Beelen duerch hire Stéch verschidde Krankhheeten wéi Mëlzbrand, Tularemie. Beim Notzdéier kënnen d'Stëch zu manner Mëllechproduktioun féieren.
[änneren] Liewensweis
D'Weibercher leeën 100 bis 1000 Eeër. D'Larve liewen am Bulli un de Ränner vun nasse Plazen.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Tabanidae – Biller, Videoen oder Audiodateien |