Beezebierg

Vu Wikipedia
Beezebierg
An anere Sproochen fr: Beezeberg
de: Beezeberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Hiefenech
Buergermeeschter Jérôme Seiler
Awunner 50
  2005
Koordinaten 49° 46’ 12’’ N
      06° 13’ 52’’ O

De Beezebierg ass e Lieu-dit an der Gemeng Hiefenech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Beezebierg läit op enger Héicht vu ronn 320 Meter, ongeféier 500 m nord-ëstlech vum Kär vun Hiefenech a grenzt un Iernzen an un d'Supp. Um Beezebierg sti ronn 20 Haiser.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéini dat éischt Haus do gebaut gouf ass net genee gewosst. Ëm 1800 huet do jiddefalls den Hiert vu Steebur gewunnt. Am 19. Joerhonnert gouf et wuel nëmmen e Grapp voll Haiser do, déi zum Deel am Ufank vum 20. Joerhonnert ofgerappt goufen. An de Fofzeger an an de Siechzeger Jore vum 20. Joerhonnert goufe ronn eng Dose Weekendhaiser gebaut. An de Siwwenzeger an an den Uechtzeger koumen dunn en ettlech richteg Wunnhaiser dobäi.

An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert gouf et eng kleng Steekaul fir Lëtzebuerger Sandsteen. D'Qualitéit a d'Quantitéit vum Stee war awer net sou, datt d'Kaul ekonomesch rentabel konnt sinn, an dofir gouf se fale gelooss.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Panorama op den Duerfkär vun Hiefenech
  • Verloosse Steekaul

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]