Beffroi

Vu Wikipedia
D'Beffroien an der Belsch an an Nord-Frankräich, déi als Weltierwe klasséiert sinn.

E Beffroi (oder Belefroi; nl. belfort, de.: Belfried) ass den Numm vun engem héijen, schlanke Klackentuerm wéi e besonnesch fir flämesch Stied typesch ass.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Beffroie goufen an der Zäit vun der Gotik gebaut an zielen zu de bedeitendste Profanbaute vum Mëttelalter. Si goufe vun den net-reliéisen Autoritéite vun de Stied, oder den Zënft reps. Gilden als Symbol vun der biergerlecher Muecht opgeriicht, och géintiwwer vun där vun der Kierch. Meeschtens ass de Beffroi mam Stadhaus verbonnen oder steet fräi niewendrun.

Well et eng relativ gutt ofgeséchert Plaz war, gouf et dacks am Tuerm d'Stadarchiv, d'Schatzkummer oder e Prisong. Doriwwer eraus war et e Wuechttuerm, fir eventuell Feier, oder Feinden, déi am Umarsch waren, z'erblécksen, an och, fir wichteg Neiegkeeten ze proklaméieren. Am Beffroi gëtt et weiderhin eng Stadklack, a vum 16. Joerhonnert un e Carillon (Klackespill), deen d'Zäit a fir besonnesch Evenementer geschloen huet.

Beffroien an der Belsch an a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

1999 an 2005 goufen 23 Beffroien an Nordfrankräich (Franséisch-Flandern) an der 33 an der Belsch vun der UNESCO zum Weltkulturierwen erkläert. An der Lëscht sinn och e puer Kierchtierm, si sinn hei drënner kursiv markéiert.

Stad Regioun Bauzäit Héicht Weltkulturierwen zanter Besonnesches Bild
Aalst Belsch, Ostflandern 14601460; Virgängerbau 13. Joerhonnert 1999 spéitgotesch; huet en Ecktuerm aus dem 13. Joerhonnert ersat; Carillon mat 52 Klacken
Abbeville Frankräich, Somme 12091209 02727 Meter 2007
Aire-sur-la-Lys Frankräich, Pas-de-Calais 17171717 04545 Meter 2005 nees nom Éischte Weltkrich opgebaut
Amiens Frankräich, Somme 05252 Meter 2005
Antwerpen Belsch, Provënz Antwerpen 151815./16. Joerhonnert, 1518 fäerdeg gebaut 123123 Meter 1999 Kierchturm vun der Onze Lieve Vrouw; typesche spéitgotesche Flamboyant-Stil; Carillon mat 49 Klacken
Antwerpen Belsch, Provënz Antwerpen 1561–1564 1999 Stadhaus um Grote Markt gebaut vum Cornelis Floris II. am Stil vun der Renaissance
Armentières Frankräich, Nord 06767 Meter 2005 Deel vum Stadhaus; Carillon mat 11 Klacken
Arras Frankräich, Pas-de-Calais 155016. Joerhonnert 07575 Meter 2005 Stadhaustuerm; nom Éischte Weltkrich rekonstruéiert
Bailleul
(Belle)
Frankräich, Nord 19321932 2005 am Éischte Weltkrich zerstéiert; Carillon mat 35 Klacken
Bergues Frankräich, Nord 12401240 05454 Meter 2005 Klackentuerm vu Bergues - 1944 zerstéiert, 1961 a vereinfachter Form nees opgebaut; Carillon mat 50 Klacken. Bekannt duerch de Film „Bienvenue chez les Les Ch'tis“.
Béthune Frankräich, Pas-de-Calais 13461346 03333 Meter 2005 Carillon mat 35 Klacken
Binche Belsch, Hainaut 135014. Joerhonnert 1999 Deel vum Stadhaus
Boulogne-sur-Mer Frankräich, Pas-de-Calais 119012. Joerhonnert 04747 Meter 2005
Brugge
(Bruges)
Belsch, Westflandern 135014./15. Joerhonnert; virdru vun 1240 un als Holztuerm 08383 Meter 1999 Beffroi (Bruges)
Calais Frankräich, Pas-de-Calais 07575 Meter 2005 Ugefaangen 1910, fäerdeg 1925. Architekt Louis Debrouwer vun Dunkerque. Aus arméiertem Betong.
Cambrai Frankräich, Nord 14741447–1474 06262,5 Meter 2005
Charleroi Belsch, Hainaut 19361936 07070 Meter 1999 Am Art-déco-Stil als Deel vum Stadhaus.
Comines Frankräich, Nord 16231623 05858 Meter 2005
Dendermonde Belsch, Ostflandern 1377 1999 Ursprénglech en Eckturm vun der Duchhal, déi 1377 zum Stadhaus vergréissert gouf; am Éischte Weltkrich schwéier beschiedegt; 1925/26 nees opgebaut; de Carillon gouf eréischt 1975 duerch en neie mat 49 Klacken ersat.
Diksmuide Belsch, Westflandern 1999
Douai Frankräich, Nord 14751380-1475 05454 Meter 2005 Carillon mat 62 Klacken
Doullens Frankräich, Somme 16131613 02828 Meter 2005 Stadhaustuerm
Dunkerque Frankräich, Nord 145015. Joerhonnert 05858 Meter 2005 fréier als Kierchturm an d'Kierch St-Éloi integréiert, steet zanter 1782 fräi; Carillon mat 50 Klacken
Dunkerque Frankräich, Nord 19011901 07575 Meter 2005 Tuerm vum Stadhaus
Eeklo Belsch, Ostflandern 19321932; Stadhaus am 17. Joerhonnert gebaut 1999
Gembloux Belsch, Namur 2005
Gent Belsch, Ostflandern 1380 ëm 1313–1380 118118 Meter 1999 Beffroi (Gent)
Gravelines Frankräich, Nord 16081608 03232 Meter 2005
Hesdin Frankräich, Pas-de-Calais 16291563–1629 2005
Ieper Belsch, Westflandern 12301200–1230 07070 Meter 1999 Deel vun der Duchhal, am Ufank vum Éischte Weltkrich zerstéiert, zanter den 1920er Jore bis 1967 originalgetrei rekonstruéiert
Herentals Belsch, Provënz Antwerpen 15341534 03535 Meter 1999 fréier Duchhal; no Pläng vum Peter Moens a Merten Casus; Carillon mat 50 Klacken
Kortrijk Belsch, Westflandern 1307eelst Deeler vun 1307 1999 fréieren Deel vun der aller Duchhal, zanter déi 1899 ofgerappt gouf, steet e fräi
Leuven Belsch, Flämesche Brabant 15411507–1541 1999 Kierchturm vun der Sint-Pieterskerk, deen net fäerdeg gouf, deen ca. 165 Meter héich hätt solle ginn; well deen ieweschten Deel véiermol an e Koup gefall ass, gouf en ewechgelooss
Lier Belsch, Provënz Antwerpen 13691369 1999 No Pläng vum Hendrik Mijs; Gouf an d'Stadhaus vu 1741 integréiert, ma ass méi al; zanter 1971 Carillon mat 23 Klacken
Lille Frankräich, Nord 19321924–1932 104104 Meter 2005 Neibau no Pläng vum Émile Dubuisson am Art déco Stil, nodeems den alen Tuerm am Éischte Weltkrich zerstéiert gi war
Lo Belsch, Westflandern 15661565–1566 1999 no Pläng vum Joos Staesin am Renaissancestil; Deel vum fréiere Stadhaus; haut Hotel a Restaurant
Loos Frankräich, Nord 18801880 2005 no Pläng vum Louis Marie Cordonnier
Lucheux Frankräich, Somme 2005
Mechelen Belsch, Provënz Antwerpen 15201449–1520 09797 Meter 1999 Kierchtuerm vun der Sint-Rombouts-Kathedral; no Pläng vum Rombout Keldermans; gouf wéinst finanzielle Problemer net fäerdeg gebaut, en hätt sollen 167 Meter héich ginn; zwéi Carillonen
Mechelen Belsch, Provënz Antwerpen 135014. Joerhonnert 1999 net fäerdeg gebaut; ursprénglech Deel vun der Duchhal, déi 1526 vum Rombout Keldermans an d'Stadhaus ëmgebaut gouf
Menen Belsch, Westflandern 16101574–1610 03333 Meter 1999 Stadhaustuerm; Carillon mat 49 Klacken
Mons Belsch, Hainaut 16721661–1672 08787 Meter 1999 barocken Tuerm um Fëllement vun enger aller Buerg; steet eleng
Namur Belsch, Namur 13881388, 1450 erneiert, 1753 restauréiert 1999
Nieuwpoort Belsch, Westflandern 19221922 1999 Stadhaus am Neorenaissance-Stil; dat ursprénglecht Stadhaus gouf am Éischte Weltkrich zerstéiert
Oudenaarde Belsch, Ostflandern 1525éischt Hallschent vum 16. Joerhonnert 1999 Stadhaus am Stil vun der Brabanter Gotik
Roeselare Belsch, Westflandern 1999
Rue Frankräich, Somme 2005
Saint-Riquier Frankräich, Somme 2005
Sint-Truiden Belsch, Limburg 16081608 1999
Thuin Belsch, Hainaut 16391639 1999 ursprénglich de Kierchtuerm vun der Kierch Saint-Theobard, déi 1811 ofgerappt gouf
Tielt Belsch, Westflandern 15601558–1560; Virgängerbau 1275 1999 Hallentoren vun der fréierer Duchhal; Carillon vu 1773 mat 36 Klacken
Tienen Belsch, Flämesch-Brabant 13231323 1999 Sint-Germanuskierch mam Stadterm
Tongeren Belsch, Limburg 15441442–1544 1999 Tuerm vun der Basilika vun Tongeren
Tournai Belsch, Hainaut 1200um 1200 1999 Carillon mat 43 Klacken; 1844 neogotesch ëmgebaut
Veurne Belsch, Westflandern 16281617–1628 1999
Zoutleeuw Belsch, Flämesch-Brabant 1231ab 1231 1999 Kierchtuerm vun der Sint-Leonarduskerk; Carillon mat 24 Klacken

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beffroien an der Belsch an a Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien