Beidler
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Vue op Beidler | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Beidweiler de: Beidweiler |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Gréiwemaacher | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Fr. Colling-Kahn (CSV) | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 223 (2005) |
||||||
| Koordinaten: | 49° 43' 41" N 06° 18' 06" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Beidler, oder Beddler[1], ass eng Uertschaft an der Gemeng Jonglënster.
Bis den 1. Januar 1979, der Fusioun vun de Gemenge Roudemer a Jonglënster huet Beidler zu der Gemeng Roudemer gehéiert.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Bis virun 930 geet Geschicht vu Beidler zréck. Et gouf deemools schonn eng Par Beidler, déi der Abtei Iechternach, déi d'Paschtéier gestallt huet, ënnerstoung. Bis zur Franséischer Revolutioun huet dësen enke Lien mat Iechternach gehalen, och wann an der Tëschenzäit een Deel vun de Rechter den Hären vu Meesebuerg gehéiert huet. Ëm 1450 heut de Paschtouer vu Beidler dem Schlass vu Meesebuerg all Jor ënner anerem zwee Sieschter Wäin musse liwweren. Deemno hu musse Wéngerten an den Häng vun der Uertschaft gewiescht sinn. Haut heescht nach eng zur Sonnesäit geleeë Plaz "Um Waangert".
Kuckeswäertes [änneren]
- Kierch Beidler
- Onofhängegkeetsmonument vu 1939, vis-à-vis vun der Kierch
- Donatuskapell, am Süde vun der Uertschaft, laanscht d'Strooss déi op Eeschweller féiert.
- Sender vu Beidler
Bekannt Leit vu Beidler [änneren]
- Guy Wagner, Auteur (* 1938)[2] bestuet mat der Ariel Wagner-Parker
- Jean-Claude Salvi (* 1967), Professer a Sculpteur [3]
Literatur [änneren]
- Dimmer, D. & C. Mathay (Koordinatioun), s.d. [2006]. Beidler fréier an haut. Erausgi vum Kiercherot vu Beidler. Dréckerei Saint-Paul, Lëtzebuerg. 264 S.
Kuckt och [änneren]
- Sender vu Beidler
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Beidler – Biller, Videoen oder Audiodateien |