Beki

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Recto-Usiicht vum 1-Beki-Schäin.
Verso-Usiicht vum 1-Beki-Schäin.

De Beki ass eng Regionalwärung am Kanton Réiden, déi den 2. Januar 2013 agefouert gouf, a parallel zum Euro zirkuléiert.

Ee Beki entsprécht engem Euro. Am Géigesaz zum Euro ass de Beki kee gesetzlecht Mëttel fir ze bezuelen. Säi Benotzen ass e fräiwëllegen Accord tëscht Membere vun engem Veräin, der Asbl De Kär, fir eppes (an deem Fall de Beki) als Bezuel-, Tausch,- a Schenkungsmëttel ze benotzen[1].

Et gëtt Schäiner vun 1-, 2-, 5-, 10-, 20- oder 50 Beki. D'Zil ass et, déi regional Kafgewunnechten ze renforcéieren. Den Design vun de Beki-Geldschäiner ass vun der Kënschtlerin Patricia Lippert entworf ginn.

Als Undenken un de Camille Gira, fréiere Buergermeeschter vu Biekerech, koum Enn Mee 2019 eng Spezialeditioun vu 6 ënnerschiddleche Schäiner eraus, déi vu sechs verschiddene Kënschtler entworf goufen[2].

Bilan no engem Joer[änneren | Quelltext änneren]

Vun de ronn 150.000 Beki déi 2013 am Ëmlaf waren, goufe bis Enn des Joers der 87.000 zeréck an Euro getosch. "De Kär ASBL" krut 2013 eng 199 Membere bäi an huet no engem Joer 370 Leit gezielt. Och d'Plazen, wou ee ka mat Beki bezuelen, si vun 41 op 71 geklommen[3].

Bilan no zéng Joer[änneren | Quelltext änneren]

An den 10 Joer goufen am Ganzen 1,72 Milliounen Euro a Beki gewiesselt. Am Joer 2022 waren 246.921 Beki am Ëmlaf, um Enn vum Joer waren et der 197.683. Iwwer 100 Betriber am Kanton Réiden akzeptéieren de Beki. Mat 100 Beki géif en Ëmsaz vu 600 Beki gemaach ginn an d'Kafkraaft wier un d'Regioun gebonnen, seet de Max Hilbert, de Koordinator vum Beki, Esou wier bis elo en Ëmsaz vun 10 bis 13 Milliounen Euro gemaach ginn. 1 Beki gëtt duerchschnëttlech 6 mol weider ginn, ier en an Euro ëmgewiesselt gëtt. Beim Wiessel an Euro gi 5 Prozent an d'Regioun investéiert. D'Betriber stellen awer fest, datt manner Beki am Ëmlaf sinn, wéi nach viru Joren.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]

  1. Op der Récksäit vum 1-Beki-Schäi steet: "1 Beki entsprécht 1 €. Akafsbong, gëlteg bei de Membere vun "De Kär a.s.b.l." bis zum 31.12.2015."
  2. Beki-Veräin "De Kär" mat neie Bekien als Hommage un de Camille Gira op rtl.lu de 6. Juni 2019
  3. "150.000 Beki 2013 am Ëmlaf, 87.000 zréck an Euro getosch". rtl.lu, 29.01.2014, 08:32:46.
  4. Nadine Schartz, Zehn Jahre Beki, Wie der Beki eine Region zusammenbringt. wort.lu [€] (6.3.2023). Gekuckt de(n) 6.3.2023.; Der Beki bringt Einwohner und Läden zusammen., Luxemburger Wort, 7.3.2023 S. 8-9