Bel

Vu Wikipedia
D'Bel bei Saint-Jean-Sart

D'Bel ass eng kleng belsch Baach um Territoire vun der Gemeng Aubel an der Provënz Léck.

Si huet hir Quellen op enger Héicht vun 227 Meter um Lieu-dit Hellestrop ongeféier ee Kilometer nërdlech vun Aubel. Vun do aus leeft se no Südweste laanscht La Schaans an Neer-Aubel fir an der Géigend vun der Kläranlag vun Aubel un d'Nationalstrooss 649 ze stoussen. Vun do aus leeft se dann de ganzen Zäit an engem schmuelen Dall weider laanscht déi Strooss, laanscht d'Uertschaft Saint-Jean-Sart bis bei d'Abtei Val-Dieu, wou se dann an d'Berwinne leeft.

D'Baach ass ronn 5.000 Meter laang, a verléiert vun der Quell bis op d'Mëndung 77 Meter un Héicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bel – Biller, Videoen oder Audiodateien