Belle Époque

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Belle Époque selwer. Fir aner Begrëffer, déi esou heeschen, kuckt w.e.g. Belle Époque (Homonymie).

Belle Époque ass e Begrëff fir eng Period a Mëtteleuropa, där hiren Ufank net kloer ze definéiern ass (jee nodeem an den 1880er bis 1890er Joren) an déi bis zum Ausbroch vum Éischte Weltkrich, 1914, geet. E gouf am Réckbléck nom Éischte Weltkrich geprägt.

Gemengt ass eng Period, an där et eng relativ politesch an ekonomesch Stabilitéit gouf, déi eng gewëss Stëmmung vu Suerglosegkeet a Fortschrëttsglawe favoriséiert huet. Si war geprägt duerch eng rasant technesch Entwécklung (allgemeng Verbreedung vun der Eisebunn an der Elektrizitéit; Erfindung vum Auto, vum Kino, vum Telefon, etc.) an huet an neie Konschtstréimungen (an der Architektur dem Jugendstil, an der Molerei dem Impressionismus an dem Ufank vum Expressionismus, asw.) hiren Ausdrock fonnt.

Allerdéngs kann ee vu Belle Époque just fir déi éischter bessergestallte Gesellschaftsschichten an de Stied schwätzen; de Gros vun der Bevëlkerung - d'Landbevëlkerung an d'Aarbechter - hat esougutt wéi näischt vun deenen Errungenschaften. Sou koum et zu där Zäit dann och zu der Schafung vu Gewerkschaften a politesche Parteien, déi besser Liewensbedéngunge gefuedert hunn.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Belle Époque – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen