Bellerophon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Bellerophon bréngt d'Chimär ëm

De Bellerophon (beim Homer Bellerophontes) war e griicheschen Held, Jong vum korinthesche Kinnek Glaukos an der Eurymede. Well e säi Papp ëmbruecht hat, huet en den Haff misse verloossen an ass bei de Kinnek Proitos vun Tiryns gaangen, deem seng Fra Stheneboia sech leidenschaftlech an e verléift huet. Wéi de Bellerophon se awer zréckgewisen huet, huet si sech gerächt andeems se hirem Mann gesot huet hie wier hanner er hier.

Doropshi schéckt de Proitos, dee senger Fra gegleeft huet, de Bellerophon bei säi Schwéierpapp Iobates, Kinnek vu Lykien, zesumme mat engem Bréif an deem den Iobates opgefuerdert ginn ass hien ëmzebréngen. Den Iobates huet de Bellerophon mat verschiddenen Aufgaben beuerdert, alles an der Hoffnung datt en dobäi géif zu Doud kommen. Awer de Bellerophon huet all déi Aventure mat Erfolleg iwwerstanen. En huet souguer d'Chimaira vernicht. Zum Schluss huet den Iobates him souguer seng eegen Duechter zur Fra ginn a bestëmmt dat säin Edem säin Troun no sengem Doud ierwe sollt.

Dunn huet de Bellerophon seng Rach un der Stheneboia geholl. Nodeem en op Tiryns zréckkomm war huet hie si iwwerriet um Pagasos ze reiden, huet e se während dem Rëtt an d'Mier gestierzt.

Spéider huet de Bellerophon versicht mam Pegasos den Olymp z'erreechen, mä ass awer, well den Zeus en zréckgeschleidert huet, ofgestierzt an ëmkomm. No enger anerer Versioun huet en de Stuerz zwar iwwerlieft, mä ass awer a Melancholie verfall.

De Bellerophon ass haaptsächlech zu Korinth a Lykien veréiert ginn.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Bellerophon – Biller, Videoen oder Audiodateien