Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun ass eng Wirtschaftsunioun déi 1921 tëscht der Belsch a Lëtzebuerg geschaf gouf an 1922 a Kraaft getratt ass.

D'Wirtschaftsunioun war fir 50 Joer ofgeschloss ginn, an ass 1972, 1982, 1992 an 2002 jeeweils fir 10 Joer verlängert ginn.

Fir Lëtzebuerg war se mat enger Währungsassociatioun verbonn. Si huet bestëmmt, datt de Lëtzebuerger an Belsche Frang hei parallel zirkuléiert sinn. Wéi d'belsch Regierung de belsche Frang ugaangs 1935 staark ofgewäert huet, huet Lëtzebuerg awer net matgemaach a sou koum et, datt ee vun 1935 bis 1940 fir 100 Lëtzebuerger Frang 125 belsch Frang krut. Dës Währungsassociatioun gouf duerch d'Schafe vun der Eurozon hifälleg, den 1. Januar 1999, dem Ufank vun der drëtter Etapp um Wee zu enger Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun.

D'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun war de Virleefer vum Benelux, enger Zollunioun a spéider enger Wirtschaftsunioun, an där d'Belsch, Lëtzebuerg an Holland sech associéiert hunn.