Bemannt Raumfaart

Vu Wikipedia

Bemannt Raumfaart ass de Sammelbegrëff fir all Weltraummissiounen, bei deene Mënschen an hire Raumschëffer an de Weltraum fléien. Wa Raumfuerer gezwonge sinnn, vun hirem Raumschëff oder hirer Raumstatioun ze schaffen (Baussebordasaz), du musse si opwenneg Raumkostümer undoen.

Astronaut bei engem Baussebordasaz op der Raumstatioun ISS

Länner[änneren | Quelltext änneren]

Am Ament gëtt et zwee Länner, deenen hir Raumfaartagenture bemannt Raumfaartmissioune mat eegene Raumgefierer maachen: Russland (Roskosmos) an d'Volleksrepublik China (CNSA). Russland start seng Kosmonaute mat konventionellen Drorakéiten, op deenen hirer Spëtzt e Raumschëff opgesat ass. D'Volleksrepublik China baut eng eegen Infrastruktur am Weltraum op. Den 2003 duerchgefouerte, bemannte Raumfluch gouf zwar gréisstendeels duerch Gebrauch vun engem modifizéierten Nobau vum russesche Sojus-Raumschëff erméiglecht. Déi eegen Entwécklungen a Programmer stinn awer an der Tëschenzäit fest. D'USA bedreift no der Ausrangéierung vun der Space-Shuttle-Flott am Ament keng bemannt Raumfaart méi mat eegenen Drorakéiten. Wéi d'Raumfaartagenturen aus Europa (ESA), Japan (JAXA) a Kanada (CSA) benotzt d'US-amerikanesch NASA d'Kapazitéite vun de russesche Sojus-Raumschëffer als Transportmëttel op d'International Raumstatioun.

E chronologeschen Iwwerbléck ass an der Lëscht vun de bemannte Raumfaartmissiounen registréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luca Codignola u. a. (Hrsg.): Humans in outer space – interdisciplinary Odysseys. Springer, Wien u. a. 2009, ISBN 978-3-211-87464-6 (Studies in Space Policy 1).
  • David Darling: The complete book of spaceflight. From Apollo 1 to Zero gravity. Wiley, Hoboken NJ 2003, ISBN 0-471-05649-9.
  • Matthias Gründer u. a.: Lexikon der bemannten Raumfahrt. (Raketen, Raumfahrzeuge und Astronauten). Lexikon-Imprint-Verlag, Berlin 2001, ISBN 3-89602-287-3.
  • Stephen B. Johnson (Hrsg.): Space exploration and humanity. A historical encyclopedia. 2 Bände. ABC-CLIO, Santa Barbara CA u. a. 2010, ISBN 978-1-85109-514-8.
  • Wiley J. Larson (Hrsg.): Human spaceflight – mission analysis and design. McGraw-Hill, New York NY 2003, ISBN 0-07-236811-X.
  • Donald Rapp: Human missions to Mars – enabling technologies for exploring the red planet. Springer u. a., Berlin u. a. 2008, ISBN 978-3-540-72938-9.
  • Haeuplik-Meusburger: Architecture for Astronauts - An Activity based Approach. Springer Praxis Books, 2011, ISBN 978-3-7091-0666-2

Referenzen[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]