Ben Fayot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Ben Fayot

De Ben Fayot, gebuer de 25. Juni 1937 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker.

De Ben Fayot huet zu Paräis op der Sorbonne an dono um Institut d'Etudes politiques studéiert. Bis 1984 war hie Sproocheprofesser am Athénée de Luxembourg an um ISERP.

Politesch huet hie sech an der LSAP engagéiert. Hie war Member vun hirem Comité-directeur 1978 bis 1997, a vun 1985 bis 1997 hire President.

1981 ass hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn, a gouf duer allkéiers nees erëmgewielt. 1984 bis 1989 war de Ben Fayot Deputéierten an der Chamber, a vun 1989 bis 1999 Member vum Europäesche Parlament.

Zënter 1999 (2004 an 2009 erëmgewielt) ass en nees Member vun der Chamber. Hie war vun 2004 bis 2009 President vun der Chamberfraktioun vun der LSAP.

De Ben Fayot war ee vun de lëtzebuergesche Membere vun der Europäescher Konventioun.

Hien ass Coauteur vu Franséisch-Bicher fir d'Klasse VIIe vis Ve, mä virun allem den Auteur vum Standardwierk iwwert d'Geschicht vum Sozialismus zu Lëtzebuerg an 2 Bänn. (1979 an 1989). Ausserdeem huet hien eng sëllechen historesch Studie publizéiert an ass regelméissege Mataarbechter vum Tageblatt an och soss Zeitungen.

De Ben Fayot ass bestuet a Papp vun 3 Kanner.

Inhaltsverzeechnes

Gielercher [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]