Ben Payal

Vu Wikipedia
Ben Payal
Gebuer 8. September 1988
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 183 Zentimeter
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch,
F91 Diddeleng,
Fola Esch,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
FC UNA Stroossen


De Ben Payal, gebuer den 8. September 1988, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Aus der Jugend vum FC Luerenzweiler ass hie mat 15 Joer an d'Jugend vun der Jeunesse Esch gewiesselt. Um 5. Spilldag vun der Saison 2005/06 koum hie bei der 0:1-Victoire[2] beim RFCU Lëtzebuerg zu sengem éischten Asaz an der Nationaldivisioun. 2007 ass hie bei den F91 Diddeleng gewiesselt, wou hie véiermol de Championstitel an zweemol de Coupegewënn konnt feieren.

2013 ass hie bei d'Fola gewiesselt a konnt an der Saison 2014/15 ee weidere Championstitel sammelen.[3] Vun der Saison 2016/17 bis 2021/22 huett de Ben Payal fir den FC UNA Stroossen gespillt.

Vum 6. September 2006 bis den 29. Mäerz 2016 huet hien 73 Lännermatcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portrait vum Ben Payal um site vun der UEFA
  2. RFCU Lëtzebuerg - Jeunesse Esch 0:1
  3. Portrait vum Ben Payal op der Websäit vun National Football Teams
  4. Lëscht vun de Lännermatcher vum Ben Payal op der Websäit vum European Football